Wéinst Faillite vu SocietéitPresidentin vum Escher Geschäftsverband viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
D'Fra vun 59 Joer an hire Mann kruten de Bankrott vun der Gesellschaft, am Joer 2016, virgehäit. Si hunn keng Bicher gehalen oder Bilanen erausginn...
© Cité judiciaire2

D'Gesellschaft war 2008 gegrënnt ginn, ma well grouss Chaînen ze vill Konkurrenz fir Filmer an DVDen duergestallt hätten, wär d'Rechnung net opgaangen.

Fall wéinst Faillite viru Geriicht - Reportage Eric Ewald

Dat huet d'Astrid Freis de Moien allzäit erkläert: 2012 hätt een dowéinst decidéiert zouzemaachen. Si hätt eng Mail un hire Comptabel geschéckt, fir dass deen d'Societéit opléise sollt; dat wär awer net geschitt. Si wär iwwerrascht gewiescht, wéi op eemol vun der Faillite vun der Gesellschaft Rieds war an hätt de Comptabel rekontaktéiert, ma du wär et schonn ze spéit gewiescht. „Et ass meng Schold! Ech hätt vläicht méi missen insistéieren!“, sot d'fréier Gemengerotsmember.

An den Ae vun hirem Affekot hätten déi ëffentlech Servicer 4 Joer gebraucht, fir eng Faillite ze spriechen, déi net ze sprieche war. 2013 hätt d'Gesellschaft keng Scholde gehat, awer en Aveu de faillite maache sollen, sou de Me Tonnar. Op d'Fro hi vum President vum Geriicht, firwat da kee reagéiert huet, wéi d'Assignatioun en faillite koum, sot d'Ugekloten, si hätt déi net kritt. Den Affekot huet de Fräisproch fir seng zwee Cliente gefrot.

Dogéint huet d'Curatrice vun der Faillite betount, d'Beschëllegt hätten net op hir Bréiwer, ënnert anerem ageschriwwener, reagéiert; dofir hätt si sech un de Procureur d'Etat adresséiert. Der Me Starowicz no géifen nach op d'mannst 63.000 € opstoen, wouropshin de Me Tonnar gemengt huet, eng 20.000 dovu wäre bezuelt. „Tant mieux!“, war d'Reaktioun vun der Curatrice.

De Vertrieder vum Parquet huet gemengt, et wär wuel schwéier, méi ze wurschtelen, wéi et an dësem Dossier geschitt wär, awer virun allem Noléissegkeet ausgemaach. D'Ugekloten hätten net richteg gehandelt, wéi decidéiert gouf opzehalen. Well villes, awer net alles falsch gemaach gouf, sollt just eng Geldstrof gesprach ginn.

D'Uerteel ass fir den 28. Mäerz.

Back to Top
CIM LOGO