PolicePresséierte Chauffer krut ee Protokoll an alkoholiséiert Persoun an Arrest gesat

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hu si e Mëttwoch den Owend kuerz no 23 Auer e ganz presséierte Chauffer an der Stad gestoppt.
© RTL Archivbild

Den Automobilist ass der Police an der Route d'Esch duerch seng Fuerweis opgefall. An der Rue de la Déportation huet hien dann nach emol op de Gas gedréckt an ass deels mat iwwer 100 km/h duerch d'Stad gefuer. Hie gouf kuerz drop gestoppt a kontrolléiert ginn. Hie krut e Protokoll.

Zu Esch konnt an der Bielesser Strooss géint 2 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg eng verdächteg Persoun an engem eidelen Haus ermëttelt ginn. Hie hat däitlech ze vill gedronk a konnt sech net ausweisen. Am Laf vun der Policekontroll gouf de Mann och ëmmer méi aggressiv. Well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien an Arrest. Och hei gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO