IzegPresuméierten Abriecher op der Plaz gepëtzt a festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, konnt eng Patrull en Abriecher en Donneschdeg de Moien op frëscher Dot erwëschen.
© RTL Archivbild

D’Police hat den Abroch an e Café an der Bouneweger Strooss gemellt kritt an ass op d’Plaz kucke gefuer. D’Patrull konnt de presuméierten Abriecher am Gebai stellen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum nach den Dag selwer virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO