PolicePresuméierten Drogendealer gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
An der Avenue de la Liberté konnt d'Police e Freideg am Nomëtten ee presuméierten Drogendealer festhuelen.
© Police Lëtzebuerg (Archiv)

Dobäi goufen 21 Heroin- a Kokainkugelen, Boergeld an een Handy fonnt a saiséiert. De Verdächtegen ass den Dag drop virun den Ënnersichungsriichter komm a gouf duerno op Schraasseg iwwermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO