118 Kugele mat Droge séchergestalltPresuméierten Drogendealer op der Gare verhaft

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg huet d'Police am Kader vum Kampf géint d'Drogekriminalitéit eng Kontroll am Garer Quartier duerchgefouert.

Dobäi konnten d’Beamten en Drogendeal an der Stroossbuerger Strooss beobachten.

Déi presuméiert Cliente konnt direkt nom Deal gepëtzt ginn. Bei hir gouf eng Kugel Kokain séchergestallt.

Kuerz drop gouf dann och de presuméierten Drogendealer vun de Poliziste gestallt. Bei him goufen 118 Kugele fonnt, an deenen Drogen dra waren. Dobäi koumen nach Boergeld an en Handy. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO