No Abroch zu BounewegPresuméierten Täter festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg konnt am Kader vun engem Abroch an der Rue de la paix zu Bouneweg en Abriecher ermëttelt ginn.
© RTL

D'Police huet de Verdächtegen an engem onbewunnte Haus an der Rue du Verger ausgemaach. Bei der Persoun si Géigestänn séchergestallt ginn, déi zu deem gemellten Abroch passen.

De Parquet gouf informéiert an huet ordonéiert de presuméierten Täter festzehuelen. Hien ass virun den Untersuchungsriichter komm.

Back to Top
CIM LOGO