Invité vun der Redaktioun (30. Oktober) - Sven ClementPrioritéite leien op Transparenz, Logement a sozialen Themen

Claude Zeimetz
De Sven Clement ass ee vun den zwee Deputéierten, déi vun dësem Dënschdeg u fir d'Piraten um Krautmaart sëtzen. D'Partei ass jo eng 1. Kéier do vertrueden.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Sven Clement
De Sven Clement vun de Piraten war en Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.

Resumé Invité vun der Redaktioun mam Sven Clement

D'Prioritéite vun de Pirate leien drop, fir méi Transparenz ze schafen, fir sech fir eng Verbesserung vun der Logementssituatioun an allgemeng fir sozial Themen anzesetzen.

Wat déi politesch Diskussioun ugeet, mécht de Sven Clement sech keng Suergen. Hien hätt zu Saarbrécken op der Uni geléiert wéi een a Gremien schafft a wéi ee sech unzeleeën huet, wann ee Politiker géintiwwer sëtzt.

Wat de Fong ugeet misst ee sech natierlech elo an d'Dossieren era schaffen. Dossieren, déi ee sech opdeelt. Thematesch wäert sech den neien Deputéierten besonnesch an d'Theme Finanzen an Aussepolitik, Héichschoul a Sport era schaffen. De Marc Georgen hëlt sech de sozialen Themen an der Mobilitéit notamment un.

Déi lescht Wochen stounge besonnesch administrativ Froen fir déi nei sensibilité politique um Programm. D'Piraten sollen am Prinzip an déi al Fraktioun vun déi Gréng an d'Ënneschtgaass plënneren. D'Piraten hunn 3 Mataarbechter fir déi parlamentaresch Aarbecht agestallt. D'Kontrakter sinn e Méindeg gemaach ginn. Donieft gëtt duerch déi zousätzlech Finanzsprëtz duerch de Walsuccès eng zousätzlech Aarbechtsplaz an der Partei geschaf.

De Sven Clement wäert iwwregens am Dezember net méi als Parteipresident kandidéiert a mécht da Plaz fir en neit Gesiicht. Eisen Invité vun der Redaktioun huet um Dënschdeg de Moien nach gemengt, hie wier fir seng Verdeedegung  bedeitend manner opgereegt, ewéi fir seng Hochzäit zejoert.

De Sven Clement ass ee vun den zwee Deputéierten, déi vun dësem Dënschdeg u fir d'Piraten um Krautmaart sëtzen. D'Partei ass jo eng 1. Kéier do vertrueden.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO