UerschterhaffPrisonéier dout a senger Zell fonnt

Bakir Demic
Wéi d'Prisongsverwaltung e Freideg de Moien an engem Schreiwes matdeelt, wier géint 6 Auer e Prisonéier dout a senger Zell fonnt ginn.
De Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff (Archivbild)
© Diana Hoffmann

En Dokter wier op der Plaz gewiescht fir säin Dout ze confirméieren, d'Autoritéite goufen informéiert an eng Autopsie gouf ugefrot. Och Famill a Bekannter vum Doudege sinn informéiert ginn.

D'Schreiwes vun der Prisongsverwaltung fannt Dir hei

En Donneschdeg réischt hat de Parquet den Doud vun engem 24 Joer alen Detenu gemellt, dee vum Prisong zu Schraasseg eriwwer an de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique verluecht gouf.

Back to Top
CIM LOGO