
De Prisong fir Untersuchungshäftlingen Uerschterhaff zu Suessem soll den 1. Oktober 2022 fir d'Prisonéier opgoen - dat sot de Chef vun der Prisongsverwaltung Serge Legil dem Tageblatt. Kuerz virdrun, den 20. September, wier déi offiziell Ouverture a Presenz vum Grand-Duc.
Eng 300 Prévenuen, déi den Ament grad wéi d'Detenuen zu Schraasseg am Prisong ënnerbruecht sinn, kommen an déi nei Struktur. De Prisong zu Schraasseg, wou aktuell iwwer 520 Leit hir Zäit ofsetzen, respektiv op hire Prozess waarden, soll deen Ament da renovéiert ginn.