
Op den 1. Bléck koume 5 Männer am Prozess ëm virun allem Sequestratioune vun engem jonke Mann op der Cour d'appel an der Stad besser ewech wéi um Stater Geriicht. Ënnert dem Stréch kruten e Mëttwoch awer nëmmen 3 vun hinnen zwee bis 6 Joer manner Prisong wéi am November.
Fir ee vun deenen zwee anere goung d'Prisongsstrof dogéint souguer vun 8 op 12 Joer fest erop. Iwwerdeems et fir deen Zweete bei der Confirmatioun vum 1. Uerteel, spréch 7 Joer fest, blouf, wat d'Me Lynn Frank, seng Affekotin, nom Uerteelssproch bedauert huet.
Fir den Zäitraum vun Enn 2014/Ufank 2015 waren deene 5 Männer 3 Haaptvirfäll virgehäit ginn: D'Haaptaffer war deemools ënnert anerem mat enger Waff an engem Messer bedreet ginn, an och e Kolleg vun him gouf mat engem Messer menacéiert. E Mëttwoch krut d'Haaptaffer iwwregens nach 5.000 € Schuedenersatz zougesprach.
De Me Knaff, Affekot vun zwee Ugekloten, dorënner ee vun den 3 Haaptleit, huet nom Appellsuerteel ervirgestrach, dass deen Haaptmann mat 16 Joer e bësse manner Prisong krut wéi an 1. Instanz (mat dunn 18 Joer).
Dee Mann gouf e Mëttwoch zu zwee Joer festem Prisong condamnéiert amplaz vu 4. De Me Ba, Affekot vun engem weideren Haaptmann, deen an zweeter Instanz elo 4 Joer Prisong méi krut wéi an 1., well e kee Sursis méi konnt kréien, wollt e Mëttwoch iwwregens net reagéieren.