EtüdPrivate Banking verléiert u Gewiicht op der Bankeplaz

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Finanzplaz ass déi lescht 10 Joer bestänneg gewuess. Allerdéngs entwéckele sech verschidden Aktivitéiten an der Finanzbranche méi dynamesch.
© RTL Archivbild

Dat hält en neie Rapport iwwer den Zoustand vun der Finanzplaz iwwert d’Joren 2011 bis 2021 vun der Promotiouns-Agence Luxembourg for Finance an Deloitte fest.

Private Banking / Reportage Michèle Sinner

Am Rapport fält op, datt de Private Banking, d’Servicer fir ganz räich Clienten, u Gewiicht verluer huet am Verglach mat anere Bankaktivitéiten. De sougenannte Corporate Banking, also Prêten an aner Servicer fir Entreprisen, sinn elo déi wichtegst Aktivitéit vun de Banken.

Läit dat ieren drun, datt d’Bankgeheimnis fir Net-Residenten an dëser Zäit ofgeschaaft gouf? Den Nicolas Mackel, de CEO vu Luxembourg for finance (LFF), ënnersträicht, datt de Private Banking sech vun 2011 bis 2021 am Volume verduebelt huet.

De Private Banking wier also net manner wichteg ginn, mee de Corporate Banking hätt sech eben nach besser entwéckelt, sou den Nicolas Mackel.

Nei Aktivitéiten

D’Finanzplaz diversifizéiert sech - donieft huet sech nämlech de Beräich vun den elektronesche Payementer a Geld ganz staark developpéiert. Duerch de Brexit waren eng ganz Rëtsch Finanzbetriber op Lëtzebuerg geplënnert, wéi Satispay, wéi Ppro oder Alipay. Déi maachen elo hiert ganzt europäescht Geschäft vu Lëtzebuerg aus, erkläert de CEO vun LFF.

Dat ginn deck Zommen. 2021 huet dee Secteur elektronesch Transaktiounen am Wäert vun 200 Milliarden Euro ofgewéckelt.

Den Nicolas Mackel seet: “Mir gebrauche jo all ëmmer méi digital Payementer a mir gebrauchen all ëmmer méi digital Applikatiounen, déi eis erlaben, Suen iwwert eisen Telefon ze halen oder ze bezuelen. Dofir: D’Richtung an déi mer ginn, ass glaskloer déi do.”

Am Verglach mat de 65.000 Beschäftegten am ganze Finanzsecteur ass den Emploi mat 741 Mataarbechter bei den elektronesche Payementsservicer awer nach iwwerschaubar.

Wie bezillt déi meeschte Steieren?

D’Finanzbranche bezillt 76 Prozent vun der Kierperschaftssteier a 70 Prozent vun der kommunaler Gewerbesteier. Am Rapport heescht et och, datt d’Soparfien, also Bedeelegungsgesellschaften, deenen hir Aktivitéit draus besteet, Participatiounen an anere Gesellschaften ze huelen, am meeschten direkt Steiere bezuelt hunn. Si hu bale en Drëttel vun der Kierperschaftssteier an e Véierel vun der kommunaler Gewerbesteier bezuelt. Si droen also ganz substanziell zu de Staatsrecettë bäi. Dat internationaalt Ëmfeld fir d’Besteierung vun den Entreprisen huet sech an deene leschte Jore staark verännert. Gëtt et do e Risk, datt déi Aktivitéiten an deenen nächste Joren dowéinst zeréck ginn? Den Nicolas Mackel, de CEO vu Luxembourg for finance, mengt net:

“Zanter 20 Joer gëtt gesot, Soparfien an déi ganz Aktivitéite sinn à risque. Au contraire: Investitioune wäerten et ëmmer ginn an déi wäerten och weider ëmmer strukturéiert ginn, duerch gesellschaftlech Strukturen. Firwat? Well dat einfach esou gemaach gëtt.”

An esou laang dat esou wier, géif déi Aktivitéit och zu Lëtzebuerg weider goen, esou den Nicolas Mackel.

Fongenindustrie ass d’Häerzstéck

De Finanzsecteur dréit e Véierel zum PIB vum Land bäi. Dat virrescht Joer hunn d’Entreprisen - mat Ausnam vun de Soparfien - an d’Employéë ronn véier Milliarden Euro op de Beneficer a Paie bezuelt.

Wou geet elo d’Entwécklung an deenen nächste Joren hin? Den Nicolas Mackel, de CEO vu Luxembourg for Finance, ass optimistesch, datt sech d’Finanzplaz weider developpéiert. Besonnesch de Secteur vun den Investmentfonge géif ëmmer méi zum Häerzstéck vun der Finanzplaz ginn:

“Do gesäit een och, datt dee Secteur selwer sech dann transforméiert. E gëtt évidemment méi nohalteg an alle Sënner vum Wuert, net nëmme gréng, mee och sozial an aner Consideratioune kommen do eran. Alles gëtt vill méi digital, mat alle Konsequenzen, déi dat och mat sech bréngt.”

Back to Top
CIM LOGO