Invité vun der Redaktioun (9. Abrëll) - Marc Baum"Flächebrand" am Noen Osten an "d'Dier vum drëtte Weltkrich"

François Aulner
En Donneschdeg de Moie waren den Iran-Krich an de Rotatiounsprinzip vun déi Lénk Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marc Baum
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Vëlkerrecht gëtt vun den USA an Israel mat Féiss getrëppelt. Dat sot den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum en Donneschdeg de Moien hei op RTL iwwer d’aktuell Situatioun am Noen Osten. Den Ugrëffskrich vun den USA op den Iran an d’israeelesch Bombardementer am Libanon mat Honnerten oder souguer Dausenden doudegen Zivilisten, dat géing net goen. De Marc Baum huet sech d’Fro gestallt: “ass et da wesentlech eppes anescht, wat de Putin an der Ukrain mécht, ewéi dat wat den Trump am Iran mécht?”

Géint radikalen Islamismus oder den iraneschen Atomprogramm virzegoen, dat wier keng Fro vu Legitimitéit, mee vu Recht. D’Aktioune vun den USA an Israel géingen zu enger “Eskalatioun vun der Situatioun” féieren. D’Weltwirtschaft géing just nach un engem “dënne Fuedem” hänken, net just wéinst dem Pëtrol, mee och dem Dünger. “Et ass e Flächebrand, deen amgaang ass, a wéinst dee mer riskéieren, un d’Dier vum drëtte Weltkrich ze kommen. An dat ass vun enger Verantwortungslosegkeet, déi sonnergläichen ass”, sou den Deputéierte vun déi Lénk.

Op d’Fro, ob Lëtzebuerg seng Brécke mat den USA an Israel soll ofbriechen, huet de Marc Baum geäntwert: “Nee, dat mengen déi Lénk net!”. A sengen Ae misst Lëtzebuerg “seng diplomatesch Stäerkt” asetzen, fir datt een zeréck un de Verhandlungsdësch kënnt, do wou Konflikter “an enger reegelbaséierter Welt” geléist géinge ginn.

Déi Lénk fir Kompensatiounsmesure fir Betriber, mee...

Och wann een duerchaus kritiséiere kéint, datt d’Energietransitioun an der Vergaangenheet an am Moment “vill ze lues ugaange gëtt”, misste fir déi Lénk d’Präisser op der Pompel - zäitlech begrenzt - agefruer ginn. An enger zweeter Phas kéint méi cibléiert a sozialgerecht gehandelt ginn. Elo misst direkt gehandelt ginn, well een an enger “akuter Noutsituatioun” an aner Länner hätten déi Mesurë schonn ergraff. Et wier eng “Inflatiounsspiral”, déi nees “um Bockel vun de klenge Leit” géing ausgedroe ginn.

Am Zesummenhang mat der Kafkraaft sinn déi Lénk fir eng Hausse vum Mindestloun – d’Regierung wëll net iwwert den Index an den Ajustement un d’Lounentwécklung eraus. Hien huet en Donneschdeg de Moie kloergestallt, datt seng Partei och fir Kompensatiounsmesurë fir Betriber, déi duerch Lounhaussen Schwieregkeete kréien, ass. A sengen Ae misst dat net “an deem selwechte Mooss” de Fall si fir “ganz vill” Betriber, déi dacks de Mindestloun oder knapps méi bezuelen, mee gläichzäiteg “massiv Benefisser” maachen.

De Marc Baum huet ënnerstrach, datt Lëtzebuerg zanter de 60 - 70er Joren en “Héichlounland” wier, wat e Motor vum Wuesstem wier an doduercher wier d’Land attraktiv ginn. Et wier e “Kompetitivitéitsfakteur”. Et hätt ee festgestallt, datt ëmmer manner däitsch a belsch Frontalieren an de Grand-Duché schaffe kéimen, well de kafkraaftberéngte Mindestloun do elo méi héich wier. Dat wier deels op den deiere Logement zeréckzeféieren. Or, a sengen Ae wier de Logementsdësch vun der Regierung gescheitert, well se de Logement weider dem Privatmarché iwwerloosse géingen.

“Net wëlles, esou komplett vun der Bildfläch ze verschwannen”

Bei déi Lénk trëtt de Rotatiounsprinzip am Oktober an. D’Députéiert David Wagner a Marc Baum iwwerloossen hir Sëtzer an der Chamber dem Ana Correia Da Veiga an dem Gary Diderich. Ewéi de Marc Baum erkläert huet, wëllen déi Lénk d’Transitioun besser iwwer d’Bün bréngen, ewéi et an der leschter Legislaturperiod empfonnt gouf.

Ugefaangen domadder, datt déi aktuell lénk Deputéiert “d’Saison” - d’parlamentaresch Sessioun - dës Kéier fäerdeg maachen. Wat och géing hëllefen, wier, datt d’Ana Correia schonn zanter 2 Joer an der “Fraktioun” schafft, iwwerdeems de Gary Diderich schonn “éiweg dobäi” an als President vum Koordinatiounsbüro “ganz déif an den Dossieren dran” ass. “A virun allem, wat och wäert anescht sinn, ass datt den David Wagner an ech net esou komplett vun der Bildfläch wëlles hunn ze verschwannen, wéi mer dat eventuell viru fënnef Joer gemaach hunn”, esou de Marc Baum.

Hien huet verséchert, bei den nächste Chamberwalen am Oktober 2028 nees Kandidat ze sinn. Bis dohinner wier seng Haaptbeschäftegung da Schauspiller, wat en als Deputéierten zwar weider gemaach huet, mee “wesentlech manner ewéi virdrun”.

Invité vun der Redaktioun: Marc Baum

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO