Wéi geet et weider mat Hygie?Privaten Imagerie-Cabinet zu Esch war Sujet an der Santéscommissioun

Monica Camposeo
Ënnert anerem Mammografien a Scanner, dat bitt de privaten Imagerie-Cabinet Hygie zu Esch.
Privaten Imagerie-Cabinet zu Esch war Sujet an der Santéscommissioun
Ënnert anerem Mammografien a Scanner, dat bitt de privaten Imagerie-Cabinet Hygie zu Esch.

Wéi geet et weider mat Hygie? / Reportage Monica Camposeo

D’Gesetz, dat nach d’lescht Joer virun de Wale gestëmmt gouf, gesäit awer vir, dass esou e private Cabinet un e Spidol soll gebonne sinn. Dat ass fir Hygie net de Fall. Dobäi kënnt, dass héich Supplemente verrechent ginn, déi net remboursabel sinn. Dëse Fall war e Mëttwoch Sujet an der Santéscommissioun an der Chamber.

Fir konform mam Gesetz ze sinn, wier eng Konventioun mam Escher Spidol CHEM eng Léisung. Eleng dës Méiglechkeet féiert dozou, dass d’Prestatioune vun der CNS rembourséiert ginn, net awer d’Supplementen, déi Hygie verrechent. Déi nei CSV-Ministesch Martine Deprez huet no der Santéskommissioun erkläert, si wéilt fir d’éischt eng Entrevue mam private Cabinet Hygie ofwaarden. Vun deem Treffen erhofft si sech méi Kloerheet zu de Verhandlunge mam CHEM. D’Spidol géing nämlech op eng Reaktioun vun Hygie waarden, déi bis ewell awer nach net koum.

Commission de surveillance gouf scho saiséiert

Wéinst den héije Zousazkäschten, déi Hygie verrechent, gouf d’Commission de surveillance saiséiert. Wou déi Analysen dru sinn, konnt d’Santésministesch net soen. Sollten d’Zousazkäschten net legal sinn, wieren awer och just Strofen oder Amenden ze erwaarden. Dat hat d’Martine Deprez an engem viregten Interview op RTL Tëlee scho präziséiert.

All dës Onkloerheete sollte séier behuewe ginn, fannen déi fréier Ministere François Bausch, Déi Gréng, a Paulette Lenert, LSAP. Et sollt onbedéngt verhënnert ginn, dass esou privat Cabineten, déi am Fong net konform mam Gesetz sinn, Schoul maachen.

Et wier eng schwéier Balance, esou nach de gréngen Deputéierte François Bausch. Op der enger Säit mussen d’Delaie fir e RDV fir d’Patienten erofgesat ginn. Ma op der anerer Säit dierft kee Wildwuchs entstoen, deen de Risiko vun enger Zwou-Klasse-Gesellschaft mat sech bréngt.

Fall Hygie ass fir CSV keen ofschreckend Beispill

D’Martine Deprez geheit der viregter Regierung tëscht den Zeile vir, ze laang gewaart ze hu mam Gesetz. D’Bedreiwer hätte keng kloer Linn gehat, wat zu de Schwieregkeete gefouert huet. Si hätt den Dossier geierft, betount déi nei Ministesch a schwätzt an deem Kader vun engem Schlamassel. D’CSV wëll och weider privat Praxisse baussent de Spideeler erméiglechen. De Fall Hygie wier an deem Sënn keng Ofschreckung, esou d’Martine Deprez. Et géing just geféierlech ginn, wann ebe keng kloer Konditiounen do sinn. Dat géing de Santésministère elo op de Leescht huelen.

D’Kritik, dass d’Gesetz ze spéit koum, wëll déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert esou net gëlle loossen. Den Encadrement vun engem Spidol, also dass privat Praxissen als Antenne vu Spideeler funktionéieren, bleift fir d’LSAP wichteg. Nëmmen esou kéint verhënnert ginn, esou nach d’LSAP-Deputéiert, dass privat Praxisse fir d’Spideeler virun allem punkto Rekrutement vum Personal eng ongesond Konkurrenz bedeiten.

Back to Top
CIM LOGO