Iwwerlaascht Fourrièren Problem vu saiséierten Autoe mat "Krallen" op Parkplazen am Minett geet weider

RTL Lëtzebuerg
De Problem vun den Autoen, déi am Minett vun der Police immobiliséiert a séchergestallt goufen a mat "Krallen" op Parkplaze stinn, geet nach Jore weider.

Kloer ass, datt dës Ween net kënnen um Crassier Terres Rouges geparkt ginn, sou wéi et d'Escher Gemeng alternativ proposéiert hat, well deen Terrain net befestegt a geséchert ass.

Déi gréng zoustänneg Ministeren Tanson a Kox plädéieren dann och an Zukunft fir regional administrativ Fourrièren, well an der Reegel d'Besëtzer hir Ween och séier nees siche ginn, wann de Protokoll bezuelt ass.

Saiséiert a confisquéiert Autoe kommen dogéint an d'judiciaire Fourrièren op Suessem a Colmer-Bierg, wou zejoert bal 560 Autoen stoungen, mee och d'Hallschent dovunner verkaf ginn. De Gestionnairen no wieren awer och dës Plazen un hir Limitten ukomm.

Dës Donnéeë liwwere wéi gesot déi gréng Ministere fir Justiz a bannenzeg Sécherheet op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup.

Back to Top
CIM LOGO