Januar 2023Prof. Dr. Jens Kreisel gëtt neien Direkter vun der Uni.lu

RTL Lëtzebuerg
Den Opsiichtsrot vun der Universitéit Lëtzebuerg huet de Prof. Dr. Jens Kreisel als neien Direkter vun der Uni Lëtzebuerg ernimmt.

De Professer soll den 1. Januar 2023 de Poste vum aktuellen Direkter Stéphane Pallage iwwerhuelen, dee sech jo net méi fir eng zweet Mandatszäit gemellt hat.

De Professer Kreisel ass den Ament Vizedirekter un der Uni.lu. De gebiertegen Dortmunder huet an Däitschland an a Frankräich Physik studéiert. Spéider war hien a senger akademescher Karriär och an den Unien zu Lyon, Grenobel, Oxford a Warwick aktiv. Hie gouf 2013 vum Fonds National de la Recherche mat engem Programme Excellence Award for Research in Luxembourg ausgezeechent.

Back to Top
CIM LOGO