Invité vun der Redaktioun (18. September)Prof. Dr. Romain Martin: Gutt viru komm och ouni Rekter

RTL Lëtzebuerg
De Vize-Direkter vun der Uni.lu war eisen Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun: Prof. Dr. Romain Martin
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et ass eng Rentrée mat ville Changementer. Dat och op der Uni Lëtzebuerg. Dräi nei Masteren fir Architektur, Boarder Studies a Logistik an een Informatik Bachelor koume bei, wei de Romain Martin, Vize-Rekter vun der Uni am RTL-Interview erkläert huet.

Alles Beräicher an deene Lëtzebuerg Aktivitéiten huet oder grad entwéckelt. Mir wëllen eng Uni an der Mëtt vun der Lëtzebuerger Gesellschaft sinn, sou den Invité vun der Redaktioun.

Dernieft kréien d'Studenten elo och eng nei Initiative gebueden, déi den Entrepreneursgeescht soll fërderen. Net onbedéngt, fir datt si all eng Entreprise starten, mä fir Kompetenzen, wéi Iddie vertrieden, Teamwork, a Kreativitéit ze vermëttelen.

Ma net nëmme bei der Formatioun, mä och bei den Infrastrukture gëtt ausgebaut. Esou geet am Laf vum Joer d'Maison des Arts et des Étudiants op an et kënnt e Learning Center bäi, deen och soll op sinn fir de Grand Public.

D'Studente sollen dann och verstäerkt mat an déi weider Entwécklung vun den Coursen a vum Campus agebonne ginn.

D'Uni Lëtzebuerg sicht den Ament jo nach no engem neie Rekter, nodeems den Rainer Klump am Mee demissionéiert huet. Do hätt ee voll d'Vertrauen an d'Findungs-Kommissioun, déi mam Dossier befaasst ass. An obschonn dëse wichtege Posten net besat ass, wier een awer gutt mat der Aarbecht viru komm, sou nach den Vize-Rekter Romain Martin.

De Vize-Direkter vun der Uni.lu war eisen Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO