En Hauch vu Walkampf um KrautmaartProgramm fir Wuesstem a Stabilitéit an der Chamber debattéiert

Jean-Marc Sturm
En halleft Joer virun de Wale war et wéi erwaart eng komplett aner Lektür, jee nodeem op een op de Majoritéits-oder op den Oppositiounsbänke sëtzt.
© RTL-Archiv

De Programm fir Wuesstem a Stabilitéit, respektiv de Programm iwwer déi national Reformen, déi d’Regierung un d’EU-Kommissioun schéckt, goufen en Dënschdeg de Mëtten an der Chamber presentéiert a Mëttwoch um Krautmaart debattéiert.

Programm fir Wuesstem a Stabilitéit / Jean-Marc Sturm

Fir de Gilles Roth vun der CSV kuckt d’Regierung duerch ee rosa-roude Brëll, nom Motto: “Et ass alles zum beschten an der beschtméiglecher Welt”. D’Realitéit wier awer eng anescht

“Nach ni hat eist Land esou vill Schold wéi elo. Nach ni war d’Wunnengsnout esou grouss wéi elo. Nach ni war d’Aarmut esou grouss wéi elo. Nach ni war d’Steierlaascht sou grouss wéi elo Nach ni war d’Schéier tëschent Räich an Aarm sou grouss wéi elo.”

De Gros vun den Ziler wier verfeelt ginn. Mat dëser Regierung géif d’Land finanziell an och soss widder der Mauer stoen. Dës Majoritéit wier praktesch just nach eng vum Kucken a Nokucken, net méi vum Maachen.

Fir den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet de Gilles Roth vun der CSV mat senger Interventioun e Mëttwoch definitiv de Walkampf lancéiert. Dës Regierung hätt gutt an der Krise reagéiert, am Sënn vun de Leit an de Betriber, an domadder am Sënn vum Land. Änlech Téin koume vun der Francine Closener vun der LSAP:

“D’LSAP steet hannert dem Bilan vun dëser Legislaturperiod. Mir hunn et fäerdegbruecht, mat engem staarke Gesondheets-a Sozialsystem d’Lutte géint de Covid ze meeschteren. Mir hunn et fäerdegbruecht, trotz historeschen Ëmstänn an Erausfuerderungen d’Leit an der Aarbecht ze halen. Mir hunn et fäerdeg bruecht, d’Kafkraaft vun de Leit ze erhalen.”

Déi Elementer koumen och bei der Interventioun vir vum François Benoy vun déi Gréng, dee virop den Accent op Klimaschutz, Klimaneutralitéit an alternativ Mobilitéit geluecht huet.

De Fernand Kartheiser vum ADR huet der Regierung reprochéiert, dass de Staat um Niveau vun de Finanzen iwwert de Moyen’e lieft Bei Logement, Industrie oder nach Energie géife besonnesch déi Gréng, mä och d’Regierung allgemeng fir Verbuet, Diktat an Dirigismus stoen.

Fir déi Lénk sot d’Nathalie Oberweis, dass een dat mam Defizit net ze enk dierft gesinn. D’Regierung misst sech awer de Reproche gefale loossen, d’Suen net cibléiert genuch ausginn ze hunn.

De Marc Goergen vun de Pirate fäert, dass d’Regierung vun ze optimistesche Chifferen ausgeet.

Back to Top
CIM LOGO