
Dat geet vu Kleeder, déi ee sech wëll op Lëtzebuerg bestellen, bis bei Videoen, déi een op auslännesche Plattformen online wëll kucken. Fir e klengt Land ewéi Lëtzebuerg, dat vill Produiten aus dem Ausland consomméiert, ass dëst dacks en Dar am An. Et schwätzt ee vun Diskriminatioun.
Online-Plattforme sinn an den leschte Joren ëmmer méi an den Fokus vun der EU-Kommissioun geroden. Dat läit wuel och um massive Wuesstem vum elektronesche Commerce an den diverse Geriichtsuerteeler virun Europäesche Geriichter. 2018 koum et dunn zu der bal historescher Decisioun, de Geoblocking an der EU ofzeschafen. Eng gutt Initiativ, déi enttäuschend aus Lëtzebuerger Siicht ëmgesat gouf. Do war ee sech e Mëttwoch beim Vott fir d'Adaptatioun an dat nationaalt Gesetz op alle Säiten an der Chamber eeneg. Den LSAP-Deputéierten a Rapporteur Claude Haagen erkläert, dass wuel verschidde Problemer géinge geléist ginn, ma d'Wuerzel vum Problem géif bestoe bleiwen.
Esou kann een an Zukunft Saachen um Internet bestellen, op déi ee kee Recht hat, wann een zu Lëtzebuerg situéiert war. E Produit, sief et e physeschen oder digitalen, dierf elo innerhalb vun Europa kaf ginn. Och wann de Versand op Lëtzebuerg zum Beispill net muss garantéiert sinn.
Präisser dierfen op Online-Plattformen och net méi Länner no änneren. Esou dierf e Fliger-Ticket net méi zu Lëtzebuerg méi deier sinn ewéi zum Beispill a Slowenien.
Ma den neie Projet de Loi wier net méi zäitgeméiss a limitéiert, esou d'Kritik e Mëttwoch.
Am Mäerz d'nächst Joer soll d'EU-Kommissioun e Rapport virstelle mat den Lacunne vun dësem Reglement. Esou erhofft ee sech vu Lëtzebuerger Säit aus en Europa ouni Grenzen an dat och online.
De Vott an der Chamber war an enger éischter Phas mat 59 mol Jo a, 1 mol Nee ugeholl ginn... D'Joëlle Elvinger hat sech awer verdréckt, an de Vott gouf nodréiglech corrigéiert, woumat de Projet de loi unanime ugeholl gouf.