
Am Regierungsrot hunn d’Ministeren e Mëttwoch de Moien iwwerdeems gréng Luucht gi fir de groussherzogleche Reglementsprojet fir a 4 Grondschoulen an enger Pilotphase eng Alphabetiséierung op Franséisch unzebidden.
An de Ministerrot huet och säin Accord ginn, fir deene Primaner, déi duerch eng Covid-Infektioun net un den Ofschlossexame kënnen Deel huelen, d’Méiglechkeet ze ginn, hir Examen virum Hierscht nozehuelen.
Weider huet de Regierungsrot e Gesetzesprojet gutt geheescht, deen d’Recht op Congé extraordinäre bei der Gebuert vun engem Kand fir all Persoun déi als 2. Elterendeel unerkannt ass opmécht, an dat och fir Independanten.