Vun der nächster Rentrée un gëtt a véier Schoulen de Pilotprojet fir d'Alphabetiséierung op Franséisch lancéiert.

D'Enseignantsgewerkschaft begréisst de Schrëtt a seet sech prett, de Projet ëmzesetzen. Et géif een awer bedaueren, beim Ausschaffen net méi agebonnen ze ginn. Parallel dozou lafen an der Diddelenger Schoul "Däich" schonn d'Virbereedungen.

Alphabetisatioun op Franséisch / Reportage Monica Camposeo

An de Klasse vum éischte Cycle gëtt an der Diddelenger Schoul Däich vu September un d'Alphabetisatioun op Franséisch ugebueden. Wéi vill vun de 5 Klassen um Pilotprojet deelhuelen, gëtt den Ament nach gekuckt.

De Joël Mischaux, Direkter vun den Diddelenger Grondschoulen huet mat senger Ekipp Flyer preparéiert, mat deenen déi concernéiert Elteren ugeschriwwen an op eng Informatiounsversammlung invitéiert ginn. Et wier wichteg d'Elteren detailléiert iwwert de Projet z'informéieren, fir dass si hire Choix kënnen treffen.

D'Offer leeft parallel, sou dass et Klasse wäert ginn, déi weiderhin op Däitsch liesen a schreiwe léieren an aner Klassen op Franséisch. Dass all Kand, respektiv all Famill, de Choix huet an, dass d'Klassen net vermëscht ginn, ass och der Enseignantsgewerkschaft SNE besonnesch wichteg.

De President Patrick Remakel:

"Et ass et wichteg, dass et net zu Situatioune kënnt, wou zum Beispill 15 Kanner op Franséisch wëllen alphabetiséiert ginn an eent just op Däitsch an da gëtt aus praktesche Grënn just eng Klass gemaach. Dat dierft net geschéien."

Fir deem gerecht ze ginn, bréicht ee méi Ressourcen, souwuel beim Personal wéi och a puncto Klassesäll. Doriwwer eraus freet sech de SNE, ob d'Kanner d'Méiglechkeet kréien, en cours de route nach ze wiesselen.

Allgemeng géing een de Projet awer begréissen, well um Terrain de Besoin däitlech opgefall ass. Et wier e Fakt, esou de Patrick Remakel vum SNE, dass de Schoulsystem, wéi en elo ass, net eng Plaz fir all Kand bitt. Dat wier virun allem an der leschter Zäit kloer ginn. Kanner, déi hir Plaz net méi fonnt hunn, sinn an déi ëffentlech international Schoule fort gaangen. Et wier gutt, dass sech all d'Schoule mat der Alphabetiséierung op Franséisch deem elo sollen upassen.

D'Erfarunge vun den Enseignanten decke sech och mat den Etüde vun der Uni.lu, confirméiert den Educatiounsminister Claude Meisch.

E Ministère huet sech nämlech fir de Pilotprojet begleede gelooss vum LUCET, dem Luxembourg Center for Education and Testing, an hir Etüde soe ganz kloer, dass d'Schéier däitlech ausernee geet tëscht dem Enn vum Cycle 1 an dem Ufank vum Cycle 3, also grad an där Phas, wou alphabetiséiert gëtt, präziséiert de Minister Claude Meisch. Besonnesch kritesch wier déi Phasen, esou weisen et d'Etüden, fir déi Familljen, déi doheem net Lëtzebuergesch, mee eng aner Sprooch schwätzen.

Virun allem wa Kanner eng romanesch Sprooch schwätzen, géing et sech lounen, d'Alphabetiséierung op Franséisch auszeprobéieren. An der Schoul Däich zu Diddeleng erhofft ee sech dowéinst gutt Resultater vum Pilotprojet. Hei wier een nämlech an enger Schoul, wou ganz vill Kanner net Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn, erkläert de Joël Mischaux, Direkter vun den Diddelenger Grondschoulen. Dowéinst hätt een no Récksprooch mat der Schoul Däich decidéiert, fir do unzesetzen.

Déi véier Schoulen zu Diddeleng, Schëffleng, Uewerkuer an an der Fiels, déi beim Pilotprojet matmaachen, sollen an engem reegelméissegen Austausch stoen, esou nach de Joël Mischaux. Dat wier wichteg fir de Projet kënnen z'evaluéieren.

Wéi laang de Pilotprojet dauert, ass nach net genee gewosst, mee op mannst sechs Joer, fir déi ganz Grondschoul kënnen ofzedecken, esou nach den Educatiounsminister Claude Meisch. Fir den SNE wier et och wichteg, dass d'Ressourcen, déi elo an de Pilotprojet gestach ginn, och bäibehale ginn, wann d'Alphabetisatioun och tatsächlech ëmgesat gëtt.