
“1,5 Grad heißt Lützerath muss bleiben”, sou steet et op engem Plakat vun den Demonstranten hei virun der däitscher Ambassade an der Stad. Wann d’Duerf Lützerath fir den Ofbau vu Kuel géing ofgerappt ginn, kéint Däitschland seng Klimaziler net méi anhalen. Datt Lützerath iwwerhaapt kann ofgerappt ginn, geet aus engem Accord tëscht dem däitsche Wirtschaftsministere an dem Energiekonzern RWE ervir. Hei heescht et, datt RWE bis 2030 ophale muss Kuel ze verbrennen, wann se dofir Lützerath kënnen ofrappen. Bis 2030 ka RWE hei dann nach ganzer 280 Milliounen Tonne Kuel ausgruewen. Dem Thoma Forgiarini vu Greenpeace no, wier dat ee faule Kompromëss:
“Wann si 2030 erausklammen awer mer dofir d’Klimaziler net erreeche kënnen, dann huet ee näischt dovunner, aus der Kuel erauszeklammen ass och méiglech fir 2030 och andeems Däitschland weider energiesécher bleift ouni déi Kuel mussen auszebaggeren, do goufen och Etude gemaach, déi dat ebe bewisen hunn.”



Iwwerdeems betount Greenpeace, datt den Ofbau vun der Kuel och guer net méi rentabel wier. Mëttel- a laangfristeg kéint de Stroum aus erneierbaren Energien deen aus fossillen Energien ersetzen. Hei bezitt d’ONG sech op Etude vum däitschen Institut fir Wirtschaftsfuerschung.
“Do goufen och Studie gemaach, datt d’Kuel am Moment déi deierste Method ass fir Stroum ze maachen, mat Atom eventuell an et ass och bewisen dass déi Kuel punkto Energiesécherheet guer net gebraucht gëtt, dat heescht do gouf elo een Deal gemaach, mat deem sech RWE just nach weider ka bereecheren an u sech huet de Public näischt dovunner.”
Obwuel de Site mëttlerweil geraumt ass, wëll een d’Hoffnung awer nach net opginn. Bis dass RWE d’Kuel kéint verschaffen, kéinten nach Jore vergoen. Dofir erhofft een sech, dass den Accord mam däitschen Energiekonzern nach eng Kéier iwwerschafft gëtt, fir dass en Dagebau d’Klimaziler net op d’Spill setzt...