
No der Enquête ronderëm den Déifstall vu Bensinn op enger Tankstell zu Déifferdeng en Donneschdeg den Owend gouf de Proprietär vum Auto och als presuméierten Täter ermëttelt. Wéi sech erausgestallt huet, huet hien e Fuerverbuet bis 2023 a säi Won ass zanter Enn 2020 net méi uerdnungsgeméiss ugemellt. Wärend dem Gespréich bei der Persoun doheem gouf e Cannabisgeroch festgestallt.
Op Uerder vum Parquet gouf den Auto beschlagnaamt an d'Haus duerchsicht. Dobäi goufen Ecstasy an FMP-Pëllen, kleng Quantitéite Kokain, Speed, Ketamin an LSD souwéi och Drogenutensilie séchergestallt. En Deel vun den Droge soll engem vun de Leit, déi op Besuch waren, gehéiert hunn. Dëse Mann hat ënner anerem 24 Gramm Marihuana, kleng Quantitéiten Haschisch an och soi-disant CBD bei sech. Bei engem weidere Gaascht goufen 8 Gramm Speed séchergestallt. D'Leit goufe protokolléiert an d'Droge confisquéiert.
E Mëttwoch den Owend hat d'Police zu Wolz e presuméierten Drogendealer festgeholl. Enger Patrull war en Auto, an deem 3 Leit souzen, opgefall, deen trotz Verbuet an d'Rue Eisknippchen agebéit ass. D'Beamten hunn d'Gefier kontrolléiert an och hei e Cannabisgeroch festgestallt. Eng Persoun huet probéiert, sech duerch d'Bascht ze maachen, konnt awer immobiliséiert ginn. Ronn 200 Gramm Marihuana an zwee Handye goufe bei him séchergestallt.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht. Bei der Perquisitioun a senger Wunneng goufe weider Drogenutensilie fonnt. Och déi 2. Persoun am Auto hat iwwerdeems eng kleng Quantitéit Marihuana bei sech. Am Gefier goufen donieft Pefferspray an e Grinder fonnt. Et gouf protokolléiert.