
De sougenannten “12ieme provisoire” gëllt fir déi véier éischt Méint vum neie Joer an erlaabt et dem Staat, weider kënnen ze funktionéieren. Et ass also en Iwwergangsbudget, erkläert d’CSV-Deputéiert a Rapportrice Diane Adehm.
“De provisoresche Budget gëtt der neier Regierung genuch Zäit, e komplette Budget fir 24 ze deposéieren an eis als Chamber déi néideg Zäit, deen ze analyséieren a virum 30. Abrëll unzehuelen.”
Vu datt et e Budget ass, deen ënnert der viregter Regierung opgestallt gouf, war et dann och net verwonnerlech, datt d’LSAP an déi Gréng de Gesetzestext matgestëmmt hunn. Fir de Fred Keup vun der ADR ass et dann awer och e speziellen Exercice, wann ee bedenkt, datt d’CSV elo en Drëttel vun engem Budget muss guttheeschen, deen d’Partei deemools nach schaarf kritiséiert huet.
“Fir eis als ADR ass d’Situatioun méi einfach, mir kënne konsequent an eiser Positioun bleiwen. De Budget war 23 am ganzen näischt an ass dofir och zu engem Drëttel net besser an dofir kënne mir net zoustëmmen a wäerten dogéint stëmmen.”
D’Oppositiounsparteien hunn iwwerdeems all ervirgestrach, datt se mat grousser Spannung an ënnerschiddlechen Erwaardungen op den neie Budget 24 vun der CSV-DP-Regierung waarden.