Laboratoiren am OpschwongProximitéit fir d'Patienten oder Konkurrenz am Duerfkär?

Tim Morizet
Zu Steesel bitt sech de Moment e Bild, dat een zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks gesäit: Zwee Laboratoiren, bal Dier un Dier, direkt am Duerfkär. Do, wou fréier eventuell eng Epicerie oder e Bäcker war, fënnt een haut ëmmer méi dacks medezinesch Servicer. 
Laboen am Opschwong: Proximitéit fir Patienten oder Konkurrenz am Duerfkär?
Zu Steesel bitt sech de Moment e Bild, dat een zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks gesäit: Zwee Laboen, bal Dier un Dier, direkt am Duerfkär.

Direkt bei der Kierch am Steeseler Zentrum maache bannent e puer Méint direkt zwou Laboratoire-Antennen hir Dieren ob. Fir d’Buergermeeschtesch Manon Kolber ass dat éischter en Zeeche vun Dynamik ewéi vun Iwwerbelaaschtung: “Ech denken, dass dat en Zeechen éischter ass vun enger wirtschaftlecher Dynamik. Ob et elo glécklech ass, datt se direkt nieftenee sinn, ass eng aner Fro. Mee wann e Besoin do ass, ass et ëmmer gutt, wann dee Besoin ofgedeckt ass.“

D’Gemeng selwer huet nëmme limitéiert Afloss drop, wéi eng Aktivitéite sech an engem Quartier installéieren. Iwwert de PAG – de Plan d’aménagement général – gi just Zonen definéiert, net awer konkret Geschäfter oder Servicer. Fir e klengen Duerfkär, deen ursprénglech op Restauranten a klassesche Commerce gehofft hat, kënnen d’Laboratoiren awer och eng Chance sinn. “Mir si frou, dass mer déi Laboen elo hei zu Steesel kritt hunn an hoffen, dass dat vläicht aner Commercen e klengen Usporn gëtt, fir bei eis an d’Duerf ze kommen“, esou d’Buergermeeschtesch.

Keng Butteker oder Restauranten, mee zwee Laboratoiren sinn hei direkt Noperen zu Steesel
© RTL

D’Netz gëtt ëmmer méi dicht

Am Ganze ginn et zu Lëtzebuerg 274 Prelèvements-Punkte vun den dräi private Laboratoiren: Bionext, Ketterthill a Laboratoires Réunis. Vu groussen Agglomeratioune bis an déi klengst Uertschaften, bal iwwerall gëtt et en direkten Zougang zu Bluttanalysen an aner medezineschen Tester.

Dës geographesch Proximitéit ass gewollt. D’Laboratoiren argumentéieren, datt et fir d’Patienten ëmmer méi wichteg gëtt, kuerz Weeër ze hunn – virun allem fir eeler Leit oder Persoune mat chronesche Krankheeten.

© RTL Grafik

Demografie a Gesondheet als Haaptfakteuren

Fir d’Federatioun vun de Lëtzebuerger Laboratoiren (FLLAM) ass de Wuesstem virun allem duerch d’Demografie ze erklären. De Liu Janssen: “Et ass méi d’Populatioun, méi Analysen, méi chronesch Krankheeten. Tëscht 2024 an 2025 gouf et e Plus vu ronn 15.000 bis 20.000 Persoune bei der Populatioun protegé. Dat nämmlecht gëtt nach eng Kéier prognostizéiert fir 2026.“

Tëscht 2024 an 2025 ass d’Zuel vun de lokale Pointes de prélèvement ëm ronn 6,45 Prozent geklommen. Gläichzäiteg ass d’Zuel vun den Dokter-Ordonnancen ëm 6,2 Prozent an d’Luucht gaangen. Eng Entwécklung, déi sech quasi parallel beweegt.

Nach méi däitlech gëtt et beim Bléck an d’Zukunft: Rezenten Etüden no kéinten d’chronesch Krankheeten zu Lëtzebuerg bis 2050 ëm ronn 70 Prozent klammen. Dat bedeit méi Kontrollen, méi Analysen – an domat och méi Nofro no Strukturen.

Konkurrenz oder Komplementaritéit?

D’Fro bleift awer: Verdrängen d’Laboratoiren aner Geschäfter? Fir d’Luxembourg Confederation, déi de Commerce am Land analyséiert, ass d’Äntwert differenzéiert. Den Théodore Biewer gesäit éischter eng Ergänzung wéi eng Konkurrenz: “Se maachen am Fong do op, wou Demande do ass. Hei brénge mer et dann och fäerdeg Clienten unzezéien op Nopeschgeschäfter, déi virdrun net onbedéngt komm wieren.“

De Kontext weist och, datt d’Laboratoiren net automatesch d’Stadbild dominéieren. An der Uewerstad an der Stad Lëtzebuerg ginn et iwwer 400 Geschäfter – an nëmmen zwee Laboratoiren. Zu Esch am Zentrum fënnt ee ronn 250 Geschäfter a fënnef Laboen. Zu Ettelbréck, enger méi klenger Stad, stinn ongeféier 100 Geschäfter dräi Laboratoirë géintiwwer.

Fir de Commerce ass et am beschten Fall eng nei Visibilitéit am Duerfkär – fir d’Laboen eng Fro vu Proximitéit. An zu Steesel gesäit een: wann d’Demande do ass, kënnt d’Offer heiansdo esouguer zweemol.

Back to Top
CIM LOGO