Et ass den 9. Mount am islamesche Moundkalenner an eng ganz wichteg Zäit fir gleeweg Moslemen. Dofir gëllt et fir si, gewësse Reegelen ze respektéieren. D’Dany Rasqué war e Mëttwoch den Owend op Wolz, wou dëst Joer fir den Ufank vum Ramadan eng nei Traditioun lancéiert gouf, an där d’Kanner d’Haaptroll spillen.
Wéi et bis däischter war, sinn d’Kanner mat klenge Liichtercher vum Schlass bis an den islamesche Kulturzenter gaangen, wou se Gedichter gesongen hunn. Eng Iddi fir d’Integratioun ze stäerken, mä fir och Kultur an Traditioun zesummenzeliewen an z’erliewen. Eng vun de Reegelen ass, datt ee wärend dem Ramadan tëschent Sonnenopgank a Sonnenënnergank ënnert anerem op Iessen an Drénke verzicht. Fir d’Kanner gëllt dat natierlech net, mä och si kënne beim Ramadan matmaachen, wéi d’Saima Jusufovic-Mehonic seet. Si ass studéiert Islamwëssenschaftlerin an aktive Member am islamesche Kulturzenter zu Wolz. Mat de Kanner kéint een iwwer verschidde Sujete wéi Wäerter, Norme vun der Gesellschaft, Hëllefsbereetschaft an Dankbarkeet schwätzen.
“Datt een de Kanner dat matgëtt, datt een d’Kanner am Alldag vläicht méi intensiv op Saachen opmierksam mécht. Wat heescht Respekt? Mir benotzen dat Wuert ganz dacks, mä wat bedeit dat wierklech am Alldag respektvoll, frëndlech oder hëllefsbereet ze sinn? Mol Schnéi bei den Noper schëppen ze goen ass och eppes an dat motivéiert d’Kanner fir ze soen, datt si och matgemaach hunn.”
Méi eescht gëtt et dann, wann ee bis emotional a kierperlech prett ass. Meeschtens wier dat, wann d’Kanner an d’Pubertéit kommen. Faaschten ass dat wat déi meescht vum Ramadan kennen - mä et geet wäit doriwwer eraus. D’Saima Jusufovic-Mehonic ënnersträicht, datt de Ramadan och eng staark sozial a mënschlech Dimensioun huet.
“Dat heescht, d’Zil ass et ze fille wéi et deene Mënsche geet, déi net esou vill hunn, respektiv deenen et am Alldag net esou gutt geet an ze kucken, méi solidaresch ze handelen an hëllefsbereet fir déi méi schwaach Leit an der Gesellschaft ze sinn.”
Mir wollten natierlech och wëssen, wéi esou en typeschen Dag wärend dem Ramadan ausgesäit an e fänkt scho mol mat fréiem Opstoen un. Ier d’Sonn opgeet.
“Do gëtt nach zesummen an der Famill giess, da gëtt de ganzen Dag näischt giess, net gefëmmt, kee Geschlechtsverkéier wärend den Auerzäite wou gefaascht gëtt. Owes mam Sonnenënnergank - Iftar - also “Fastenbrechen” wou mer an der Famill, mat Noperen zesumme sinn. Dat kann Doheem sinn, dat kann awer och hei am Centre sinn, wou een d’Leit invitéiert, wou een zesummen ësst, wou een dat deelt, wat een huet an einfach Zäit zesumme verbréngt.”
Deel vum Faaschtebriechen ass och en zousätzlecht Gebiet. Dat kann een awer Doheem maachen. An der Woch kann net jiddereen all Owend am islamesche Kulturzenter passéieren, well natierlech gëtt wärend dem Ramadan normal viru geschafft. Wéi vill Stonnen den Dag gefaascht ginn, hänkt iwweregens dovunner of, wou ee lieft, wéini d’Sonn op- an ënnergeet. D’Saima Jusufovic-Mehonic verstoppt net, datt d’Faaschte schonn eng Erausfuerderung ka sinn, mä mat där richteger mentaler Astellung geet et.
“Et ass eng Saach, wat jo och Zil vum Ramadan ass, Selbstreflexioun respektiv Selbstdisziplin ze hunn. Et ass eng Astellung dozou. Et stellt ee sech net d’Fro: Maachen ech et oder maachen ech et net? Wann ee kierperlech an emotional räif a gesond ass, da soll een dat maachen. Et ass eng vun de 5 Sailen am Islam.”
De Ramadan dauert ee Mount an dann ass et eriwwer mam Faaschten. Dat gëtt mam Zockerfest gebrach, deem zweetwichtegste Feierdag am Islam.