Traditioun mat OplagenBuergbrennen: Wat dierf verbrannt ginn – a wéini ass et verbueden?

Monica Camposeo
Virum traditionelle Buergbrennen dëse Weekend stelle sech net nëmme Froen zum Wieder, mee och zu de Reegelen, wat verbrannt dierf ginn a bei wéi enge Konditiounen d’Feier iwwerhaapt dierf ugefaange ginn.
Buergbrennen zu Nidderaanwen am Joer 2025.
© Jérôme Neumann

Consignen Buergbrennen / Reportage Monica Camposeo

De Weekend gëtt uechter d’Land mam Buergbrennen de Wanter verdriwwen. D’Wiederprevisioune gesinn den Ament awer éischter onbestänneg aus. Wéi eng Richtlinne gëlle fir d’Organisatioun a wat dierf iwwerhaapt an esou enger Buerg oder engem Kräiz verbrannt ginn?

Well d’Buergbrennen eng Traditioun ass, gëllt eng Ausnamereegelung – normalerweis dierf een nämlech guer näischt dobausse verbrennen, och keng Gaarden-Offäll,zum Beispill. Fir d’Buergbrennen dierf proppert Holz, wat ee gesammelt huet, Stréi oder Hee benotzt ginn.

D’Sophie Capus ass responsabel fir d’Unitéit, déi bei der Ëmweltverwaltung Strategien a Konzepter ausschafft. Si weist dorop hin, dass et nach ee wichtege Facteur gëtt: “Dat ass lo keng gesetzlech Virgab, mee fir d’Ëmwelt ze schützen ass et wichteg, dass d’Fiichtegkeet vum Holz net ze héich ass.” Soss entsti bei der Verbrennung nämlech Schadstoffer, déi een net an der Ëmwelt wëll hunn.

Esou Toxinne géingen och entstoen, wa behandelt Holz verbrannt gëtt, esou nach d’Sophie Capus vun der Ëmweltverwaltung – dat wier beispillsweis de Fall bei Miwwelen oder soss Sperrmüll. Dat gehéiert alles net an eng Buerg, betount och d’Lieke Mevis, Biologin bei Natur&Ëmwelt.

An den 80er Jore wieren och nach Pneue verbrannt ginn, dat dierft een haut awer op kee Fall méi maachen. D’Veräiner wieren antëscht awer och gutt informéiert, och vun der Ëmweltverwaltung heescht et, dass et an de leschte Jore guer keng Reklamatiounen dowéinst ginn hätt.

Op wat mussen d’Veräiner da punkto Wieder oppassen?

De Weekend si besonnesch owes Wandstéiss vu 40 bis 50 Kilometer an der Stonn gemellt. Eng orange Wiederwarnung gëtt MeteoLux am allgemengen eréischt bei ëm 65 Stonnekilometer eraus, erkläert de Luca Mathias vum nationale Wiederdéngscht.

Et sollt een awer bedenken, dass Wandstéiss bis 50 Kilometer an der Stonn net angeneem sinn, besonnesch op méi exposéierte Plazen. MeteoLux gëtt awer keng konkret Consignen, déi sech spezifesch op d’Buergbrenne bezéien.

Anescht ass dat awer beim CGDIS, wou et spezifesch Dispositioune ginn, sou dass et souguer verbueden ass, e Buergbrennen ze organiséieren, wann de Wand mat méi wéi 39 Kilometer an der Stonn bléist. Wat dat genee heescht a wéi dat kontrolléiert gëtt, dorop krute mir op Nofro keng Äntwert.

An dësem Dokument aus dem Joer 2019 heescht et op der leschter Säit: “Avant l’allumage du bûcher, l’organisateur doit s’assurer que les conditions météorologiques permettent un embrasement en toute sécurité. A cet effet, il peut se renseigner auprès de l’administration de la navigation aérienne, département prévisions météorologiques, via le site www.meteolux.lu, sur l’évolution des conditions météorologiques pendant les heures où le public est présent. En cas de vent supérieur à 39 km/h (échelle de Beaufort 6), la mise en feu du bûcher est interdite. Un fort risque d’orage doit également conduire à reporter ou annuler la manifestation.”

Wéi d’Wiederkonditiounen de Weekend da genee ausfalen, bleift natierlech nach ze gesinn.

An Natur&Ëmwelt erënnert nach dorunner, dass d’Buergen net ze fréi sollen opgebaut ginn, well sech soss Déieren ënnert dem Holz oder Stréi géinge verstoppen an da riskéieren, mat verbrannt ze ginn. Ma och do wieren d’Veräiner awer antëscht ganz gutt informéiert.

Back to Top
CIM LOGO