Integratioun vu RefugiéenProzedur fir den Accès op den Aarbechtsmaart soll vereinfacht ginn

Monica Camposeo
D'Vereinfachung vun der Prozedur gesetzlech ze verankeren, wier wichteg fir eng besser Integratioun.

Den Accès op den Aarbechtsmarché ass fir ukrainesch Refugiéë méi einfach, well si de Statut vun der Protection temporaire hunn. Wärend Leit aus anere Länner eng Demande maachen a waarde mussen, dass si d’Protection Internationale accordéiert kréien, ier si kënne schaffe goen. Deen Ënnerscheed war en Dënschdeg den Owend Thema vun engem Debat an der Chamber, op eng Fro vum CSV-Deputéierten Marc Spautz. Ma allgemeng géing een elo d’Prozedur, fir eng Autorisation d’occupation temporaire auszestellen, méi large gesinn, sot den Aarbechtsminister Georges Engel. Esou eng “AOT” ka vu Leit ugefrot ginn, déi nach an der Prozedur sinn, fir de Statut vun der Protection internationale ze kréien an deemno eigentlech nach net dierfe schaffe goen.

2021 gouf esou eng Autorisatioun 24 Mol ausgestallt, d’lescht Joer huet sech dës Zuel méi wéi verdräifacht. 2022 gouf nämlech 70 mol eng AOT ausgestallt. Ma dobäi soll et net bleiwen, esou de Georges Engel géintiwwer der Chamber:

Georges Engel zu Vereinfachung vu Prozedur fir Aarbechtsmaart fir Refugiéen

“Ugangs vum nächste Mount soll zesumme mam Ausseministère e Gesetzestext presentéiert ginn, deen eng ganz Rei Vereinfachungen op deem Niveau soll festhalen. De Minister huet präziséiert, dass dës méi einfach Prozeduren aktuell scho géingen applizéiert ginn, dowéinst wieren zejoert och méi Autorisatiounen accordéiert ginn. Ma dat soll elo awer gesetzlech festgehale ginn, notamment wat de sougenannten “Test de marché” ugeet. Ma och fir d’Partner vu Leit aus Drëttstaaten, déi schonn hei schaffen, soll et méi einfach ginn, hei am Land ze schaffen.”

D’Vereinfachung vun der Prozedur gesetzlech ze verankeren, wier och wichteg fir eng besser Integratioun. Doduerch kéint d’Integratioun och besser fonctionéieren.

Et sief präziséiert, dass eng Autorisation d’occupation temporaire eréischt 6 Méint nodeems d’Demande fir déi International Protectioun gemaach gouf, kann ugefrot ginn.

Back to Top
CIM LOGO