
En Dënschdeg gouf virun allem e Video vun eppes méi wéi enger Stonn gewisen, dora goung et ëm d'Rekonstitutioun am Zesummenhank mam 1. Mord.
Um wichtegste Punkt, der Fro, wien den Drogendealer vun du 36 Joer erschoss hat, gouf et ënnerschiddlech Aussoe vun den zwee Ugekloten.
Fir den zweeten Ugeklote wär een dat spéidert Affer mam Auto siche gaangen, hie selwer wär gefuer, sot dee Mann, den Dealer hätt um Bäifuerersëtz gesiess an den Haaptbeschëllegten hannen. Deen hätt d'Affer och erschoss. Et wär net zu engem Sträit komm, mä alles wier normal gelaf, bis et "op eemol bumm" gaange wär. Dogéint sot den Haaptbeschëllegten, den zweeten Ugeklote wär am Ufank gefuer an hätt dono hanne gesiess. Deen an den Dealer hätten ee Moment iwwert de Präis vun Droge gestridden. Den zweeten Ugekloten hätt op eemol ugefaangen, eppes ze kniwwelen a kuerz drop geschoss. Dono wär dee vu Péiteng bis op Leideleng gefuer, wouropshin d'Untersuchungsriichterin gemengt hat, den Haaptbeschëllegten hätt op deem Punkt no annerhallwem Joer seng Versioun geännert. Do virdrun hat en Enquêteur vun der Police judiciaire nach Fotoe gewise vu Bluttflecken am Auto, d'Affer wär wuel duerch d'Kappstéck vum Bäifuerersëtz erduerch erschoss ginn.
Den Enquêteur hat am Ufank erkläert, e Bekannte vum Haaptbeschëllegten hätt ausgesot, eng SMS vun deem kritt ze hunn, dass hien een ëmbruecht hätt. Hien hätt deem Bekannte géintiwwer och nach den zweete Mord zouginn. Och en zweete Bekannte vum Haaptbeschëllegten hätt dovu geschwat, dass deen him den 1. Mord gestanen hätt. Wat den zweeten Ugekloten ugeet, sou gouf deen an der Woch nom zweete Mord festgeholl. Am Ufank hätt dee Mann e schlechte Verhalt gehat zum 1. Mord, eng 1. Versioun hätt net gestëmmt, ma den Dag drop hätt hie bei der Untersuchungsriichterin eng aner Ausso gemaach. Dee Moment koum d'Versioun op d'Tapéit, déi hien och bei der Rekonstitutioun zum Beschte ginn hat. Et wär ee mat der Läich op Leideleng gefuer an hätt se do an de Bësch geluecht. Beim zweete Mord wär hien net dobäi gewiescht.
Dëse Prozess geet e Mëttwoch virun.