Gemeng HesperProzessoptakt ëm Verontreiung vun ëffentleche Suen

RTL Lëtzebuerg
Wärend ville Jore ware Suen zu Hesper detournéiert ginn. Vun e Mëttwoch u musse sech dräi Persoune viru Geriicht veräntwerten.
© RTL Archiv

Beim Optakt vum Prozess ëm d’Verontreiung vu Suen an der Gemeng Hesper sti vun e Mëttwoch de Moien un zwee fréier Gemengebeamten an ee Geschäftsmann viru Geriicht. D’Haaptreprochë sinn d’Ënnerschloe vun ëffentleche Gelder, Fälschung, Bedruch a Mëssbrauch vu Verméige vun der Gemeng.

Am Summer 2019 koum d’Affär un d’Liicht, nodeems Indemnisatioune fir Schied vun enger Assurance net bei der Gemeng agaange waren. Bei den Nofuerschunge war erauskomm, dass d’Suen op en anere Konto, wéi dee vun der Gemeng, gefloss wieren. Kuerz drop huet d’Gemeng Plainte wéinst Verontreiung vu Suen an Urkundenfälschung gemaach.

Um Enn goufen dräi Persounen ugeklot, dorënner zwee Fonctionairë vun haut 53 a 56 Joer, déi antëscht aus hirem Déngscht entlooss goufen an den 62 Joer ale Chef vun enger Entreprise. Déi zwee Gemengebeamte koumen an Untersuchungshaft. Een ass haut ënner Oplage fräi.

D’Ermëttlunge sinn ofgeschloss an Immobilien a Verméigen am Wäert vu fënnef Milliounen Euro goufe confisquéiert. D’Faite ginn op d’Zäit tëscht 2000 an 2019 zréck. Déi Beschëllegt solle virun allem d’Asbl “Syndicat d’initiative de tourisme de la Commune de Hesperange” fir hir illegal Zwecker genotzt hunn.

Antëscht hätten déi zwee Fonctionnairen ugebueden d’Gemeng ze rembourséieren. Deen drëtten Ugekloten, e Geschäftsmann, huet der Gemeng Ufank 2022 eng Zomm vun 18.000 Euro iwwerwisen. Mat der Erklärung, dass hien op Fuerderung vun engem Gemengebeamten d’Zomm vu 15.000 Euro op d’Rechnung vun engem Optrag vun der Gemeng geschriwwen huet. Dobäi hätt et sech awer ëm Gaardemiwwel fir de Mann als Privatpersoun gehandelt. De Méiwäert vun 3.000 Euro, deen iwwerwise goufen, wieren Zënsen.

Fir de Prozess an der 16. Chamber si véier Sëtzungsdeeg ugesat.

RTL News: “Gesetz vum Verstopppen a Mond-Hale gebrach": Affär Hesper: Gemeng muss Rapport vum Audit public maachen

Back to Top
CIM LOGO