Et war e laange Wee op Lëtzebuerg fir vill Persounen, déi déi lescht Wochen aus dem Krichsgebitt Ukrain geflücht sinn. Am Stonnentakt komme mëttlerweil Bussen zu Lëtzebuerg un. Iwwert déi lescht 2 Woche sinn 1,5 Millioune Leit geflücht. 3 Millioune kéinten UN-Schätzungen no hei nach den nächste Wochen dobäikommen. D’Solidaritéit ass a bleift héich zu Lëtzebuerg, och wann nach vill Froen iwwert d’Zukunft vun deene Leit opstinn.
E puer honnert Flüchtlingen aus der Ukrain hunn hire Wee mëttlerweil op Lëtzebuerg fonnt. Eng Partie vun dëse Leit hunn de Wee bis op Beetebuerg fonnt. De Gilles Ramponi war déi lescht Deeg duerch Polen ënnerwee: “Mir si gëschter [Sonndeg] aus Polen mat 4 klenge Bussen an 21 Leit zeréckkomm. Déi meescht sinn direkt hei zu Beetebuerg vu Bekannten oder Famillen aus der Ukrain ofgeholl ginn. Et sinn elo nach 6 Leit iwwereg, déi e bësse méi e spezielle Statut hunn.”
Dobäi ass och d’Famill vum Daniel. Hien ass original aus dem Gabun, ass awer Resident an der Ukrain an ass mat enger Ukrainerin bestuet. Den David ass hiert d’gemeinsaamt Kand.
Den Daniel ass mat Fra a Kanner geflücht: “Mir hunn Owes op Besuch bei Kolleegen op eemol Schëss héieren. Du koumen nach Explosiounen dobäi. Et huet déi ganz Nuecht iwwerall geknuppt. Déi russesch Arméi war deen Ament net méi ze wäit ewech – vläicht 60 bis 70 Kilometer vun der Haaptstad Kiew. Mir sinn deen Owend bei de Kolleege bliwwen. Och well mer net méi fortkomm sinn. Et si keng Taxien, näischt méi gefuer. Den Dag drop hu mer eis decidéiert, datt mer fort mussen.”
De Wee am Zuch, fir an dat séchert Polen, war eng Odyssee: “Si hunn op de Quaien erausgesicht. Wann s de wolls an den Zuch klammen, hu se dech zeréckgehalen: Nee! Du klëmms net eran. Se hu souguer mat de Waffen op Leit gezillt. Mir wosste wierklech net méi op et just fir ze intimidéiere war. Mir stoungen annerhallef Stonn um Quai op den Zuch ze waarden. Mir hunn eis net dierfe fräi beweegen an et war kal. Äiskal. Den Ament, wou de faméisen Zuch ukomm ass, gouf nees getrennt. Déi 2 éischt Waggone ware fir Fraen a Kanner. Do koume meng Fra a mäi Fils hin. Déi Schwaarz, Araber an Tierke goufen an en anere Waggon gestach. Mir goufen all getrennt.”
No 15 Stonnen am Zuch an 2 Deeg Trajet ouni Schlof war et dunn d‘Arrivée zu Warschau. Vun do aus gouf, wéi déi aner Passagéier och, de Kontakt mat Lëtzebuerg iwwert den Internet gesicht: “Déi grouss Fro, déi elo bléift, ass, wéi ee sech integréiere kann. Wéi geet dat mam Logement, wéi fonctionéiert dat mat den Dokumenter. Mir hunn e ganzt Liewen hannert eis gelooss, et sti ganz vill Froen an eisem Liewen op.”
Mat dobäi sinn och 2 Studenten aus dem Gabun, déi hire Studium zu Kiew, Deeg virun de russeschen Attacken ugefaangen hunn. Hir Zukunft ass ongewëss.
Vill Froe stinn op, Äntwerte ginn Etapp fir Etapp gesicht, dat vun Organisatiounen a Ministèren.
D’Nadine Conrady vun der Croix-Rouge: “Et ginn eng Rëtsch Froen, déi nach net gekläert sinn a wou d’Äntwerten no an no kommen. Ech mengen de Statut vun der “Protection temporaire”, deen elo annoncéiert gouf, ass nei, dee gouf et virdrun nach net. Do si Saachen, déi hannendrun hänken, wou mir probéieren, esou séier wéi mir d’Informatioun hunn, ëmmer un déi Leit, déi bei eis am Foyer sinn oder mir a Kontakt sinn, och weider ze ginn. Vill Froen, déi kommen: wat ass mat menge Kanner, kënne se an d‘Schoul, dierf ech schaffe goen. Den Educatiounsministère huet do och zum Beispill eng Hotline en place gesat. Et gesäit een: et probéiert jidderee sech Schrëtt fir Schrëtt ze organiséieren.”
Dat gemeinsaamt Zil – eng gewëssen Normalitéit, déi d’Wonne lues awer sécher heele léisst.
Am Allgemengen ass et den Opruff vun den Hëllefsorganisatiounen, datt vill Hëllef direkt an der Ukrain gebrauch gëtt. Eng Rëtsch Persoune wieren aktiv, fir de Leit an de Krichsgebidder ze hëllefen. Virun allem Medikamenter, sanitär Produiten an Iesswuere gi gebraucht. Finanziell Hëllef géif och dozou bäidroen, datt lokal déi Saache kënne kaf ginn, déi d’Leit brauchen.
RTL-Artikel: Ukrain-Krich: Dës Hëllefsorganisatioune sammele Spenden
D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert