De Rektor vun der Uni Lëtzebuerg Rainer Klump sot sech en Dënschden de Moien am RTL-Interview ganz houfreg iwwert déi gutt Resultater am Beräich Fuerschung déi e Méinden an der drëtter externer Evaluatioun erauskomm sinn. 70% vun alle Fuerschungsunitéiten an Zentre krute do jo eng bonne Note.
D'Uni.lu géif op staarker Fuerschung baséieren an wëll och fir d'Zukunft op deem Pilier opbauen. No den Ufanksjore wier et elo un der Zäit vun der Consolidéierung, sou e weidere Constat vun den Experten. Do wier een um neie Campus Belval um gudde Wee, sou eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Zesummeliewe mam Fonds Belval, huet sech dem Rainer Klump no, däitlech verbessert. Dat wier awer e Léierprozess gewiescht. Antëscht kéint d'Uni awer de Gros vun de Säll selwer geréieren an et hätt een e Modus fonnt, deen och fir Zukunft funktionéiert.
De Rektorat schafft iwwerdeems un engem besseren Dialog mat de Studenten. Zanter der leschter Rentrée gëtt et iwwerhaapt mol eng allgemeng Studentevertriedung op der Uni Lëtzebuerg déi als Uspriechpartner mam Rektorat funktionéiert. Der Uni ass och dru geleeën, datt den Dialog mat de Studenten am neien Unisgesetz verankert gëtt, sou de Rainer Klump.
En Dënschdeg de Moien war de Rainer Klump, den Direkter vun der Uni Lëtzebuerg, den Invité vun der Redaktioun.