
En Dënschdeg den Owend hat en alkoholiséierte Mann op der Schueberfouer randaléiert. De Mann war aggressiv an huet déi “ëffentlech Uerdnung” gestéiert, schreift d’Police an hirem Bulletin. Well hien och nach eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf decidéiert, hien an de Passagearrest ze setzen. Virdru gouf hien awer nach vun engem Dokter kontrolléiert.
Um selwechten Owend goufen d’Beamten zu Esch an d’Spidol geruff, well hei eng Persoun, déi däitlech ze vill gedronk hat, d’Personal an aner Patiente belästegt huet. Wéinst sengem Zoustand an och well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf och dëse Mann an de Passagearrest gesat.
Am Laf vum Dënschdeg de Mëtteg goufen op der E44 a Richtung Péiteng all d’Gefierer kontrolléiert. Zil vun der Aktioun vun der Police war et, fir d’Dokumenter vun den Autoen ze kontrolléieren. Bei 26 Leit waren dës awer net an der Rei. A fënnef Fäll konnt de Chauffer net virweisen, datt säi Gefier déi technesch Kontroll hannert sech bruecht hat an a siwe Fäll war d’Steiervignette ofgelaf. Véier Mol gouf et da Problemer mat der Zouloossung vum Auto.
Eng Persoun krut dann och nach e Protokoll, well si wärend dem Fueren den Handy genotzt hat a véier Ween goufen ofgeschleeft, well de Beamten technesch Mängel um Auto opgefall waren. respektiv well keng gëlteg Versécherung virlouch. 12 Policebeamten aus verschiddenen Unitéiten a Kommissariater waren un der Kontroll bedeelegt.
Da mellt d’Police nach verschidden Abréch. Dat ënner anerem a Wunnengen zu Hollerech, op der Stater Gare an zu Esch. An engem Fall an der Rue d’Audun zu Esch war eng Persoun an e Gebai agebrach, wat net bewunnt war. De Mann konnt vun der Police gestallt ginn an e gouf protokolléiert. An enger anerer Situatioun zu Esch gouf Baumaterial op engem Chantier an der Rue Guillaume Capus geklaut.