D'Police freet no ZeienRange Rover bal mat Policewon kollidéiert an dono geflücht

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt ëm 1 Tëschefall vum Sonndegmëtteg, wou et bei Siweburen bal zu enger Kollisioun tëscht engem Policeauto an engem schwaarze Range Rover koum.

De Won mat Lëtzebuerger Placke war der Police zu Siweburen an der Stad op där selwechter Spur mat héijer Vitesse entgéintkomm an ass dono Direktioun Briddel geflücht.

De Chauffeur ass an ee Bëschwee vum Fitnessparcours agebéit an huet dobäi ee Vëlosfuerer an eng Persoun, déi do spadséiert ass, a Gefor bruecht.

Dës zwou Persoune gi gebieden, sech bei der Verkéierspolice ze mellen ënnert der Nummer (+352) 4997 4700.

Back to Top
CIM LOGO