D'Lycéesreform, iwwert déi en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber ofgestëmmt gëtt, ass net onbedéngt déi grouss kopernikanesch Revolutioun, mä en Ufank aus deem déi al Sträitpunkten tëscht Ministère a Gewerkschaften ausgeklamert goufen, dat sot de President vun der Proffegewerkschaft Féduse Raoul Scholtes um Donneschdeg de Moien. No laangem Stëllstand wier et wichteg gewiescht, datt elo mol e puer Verännerunge kommen.
Nieft der Reorganisatioun vun de Sektiounen, huet eisen Invité vun der Redaktioun besonnesch d'Changementer am ënneschte Cycle am Technique, dem zukünftegen Enseignement généra ervirgehuewen. Et géif och mol endlech eppes fir déi Schüler gemaach ginn, andeem d'Filièrë méi flexibel organiséiert ginn. Méi Passerellesméiglechkeete kommen an d'Schüler a verschiddene Fächer tëscht engem "niveau de base" an engem "cours avancé" decidéierte kënnen, ouni mussen eng Filière drënner ze goen. Esou géif déi sozial Kohäsioun och gefërdert.
Grousse Widderstand géint d'Lycéesreform um Terrain ass nawell net z'erwaarden. Wéi gesot goufen déi grouss Sträitpunkten, déi ganz ëmstridde waren, schonn erausgeholl an am Text géife sech vill Saachen erëmfannen, déi den Terrain effektiv gefuerdert huet.
D'Iddi vun der neier Schoulautonomie fënnt de Raoul Scholtes gutt, gesäit awer e potentielle Risiko, datt de Ministère sech aus der Verantwortung eraushëlt an et zu Rivalitéit tëscht de Schoule kënnt. Do géif den Däiwel am Detail stiechen.
Den Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien war de Raoul Scholtes, President vun der Proffegewerkschaft Féduse.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.