E Samschden huet d'Bréifdréier-Gewerkschaft hire Kongress. An dës mécht sech den Ament nawell vill Suergen ëm hire Beruff. Och wann zejoert 6% manner Bréiwer verschéckt goufen, sou heescht dat net, datt een 6% manner Aarbecht huet, wéi de Raymond Juchem , President vun der Bréifdréieschgewerkschaft, e Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.
Dës Baisse géif nämlech nieft enger neier Tarifikatioun och duerch eng Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen opgefaange ginn.
Konkret bedeit dat méi Tournéeën, méi duebel Tournéeën am méi héijen Alter an Iwwerstonnen, déi exzeptionell solle sinn, awer elo zur Norm ginn.
Nieft dem Reduzéieren op nëmmen nach 15 Postbüroen am Land, hätt dat alles natierlech och e negativen Impakt op de Service um Client, sou den Invité vun der Redaktioun weider.
De Sozialdialog mat der Chefetage, speziell am Beräich Post-Courrier wier och scho besser gewiescht sou den Raymond Juchem.
De President vun der Bréifdréieschgewerkschaft wëll awer nach net vu Streik schwätzen, et géingen nach aner Weeër ginn, fir datt de Suerge vun de Bréifdréier Rechnung gedroe gëtt.
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 war de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem.