An der Kantin wéinst de Kanner ugefaangen, schafft d’Latifa Kathi zanter dem Ufank vum Joer als Buschauffesch. Si fiert virun allem länger Strecken am Alldag. D’Linn Mäerzeg-Stad gehéiert mëttlerweil zum Repertoire.
„Ech hat an der Tëschenzäit d’Karriär gewiesselt an hu fir e puer Joer als Camionschauffer geschafft. Mee mat der Pandemie war bemol wéineg bis keng Aarbecht méi do. Do hunn ech decidéiert, e Joer bei de Kanner doheem ze bleiwen. Duerno hunn ech iwwert d’Adem mäi Permis fir de Bus gemaach.”
2020 goung ville Bus-Firmen den Dadder. Mam Verdeele vun den neien RGTR-Linne gouf bei de meeschten Entreprisë rezent nei agestallt. Deels am dräistellege Beräich, erkläert de Christian Holtgen, Directeur d’opérations vun enger grousser Busgesellschaft:
„Fir den Ament hu mer de Bedarf u Chaufferen duerch verschidde Moossname gedeckt. Mir hu Leit agestallt, déi mer iwwert eng Formatioun iwwert d’Adem bei eis erakritt hunn. An zweetens hu mer intern bei eis Leit iwwert de Camionnette-Beräich ausgebilt an duerno bei de Bus mat eriwwer geholl.”
D’Zesummenaarbecht mat der Adem geet bal 2 Joer zeréck. Ugangs hat ee gehofft, esou 100 nei Chaufferen esou anzestellen. Zanter Mee schaffe 16 nei Gesichter bei der Firma, betount de Christian Holtgen:
„D’Zil war et kloer, d’Leit aus dem Chômage ewechzekréien an déi reorientéiert ze kréien.”
D’lescht Joer hunn eng 5.000 agedroe Leit u Formatiounen deelgeholl, dorënner eng Rei an den “upskilling"- a “reskilling"-Programmer. Eng 60 hunn an der Formatioun fir de Buschauffer bei 2 verschiddenen Entreprisë participéiert.
„Mir konnten do awer Leit huelen, déi aus anere Secteure komm sinn. Déi sech och ugebueden hunn. Verschiddener ware schonn am Transport ënnerwee ewéi bei enger Airline – déi waren dann och schonn onreegelméisseg Zäite gewinnt. De Kontakt mam Client huet och schonn existéiert. Et waren och Leit aus der Restauratioun dobäi. Déi konnten hir nei Orientatioun fannen”, sou de Gilles Bormann, Service Employeurs bei der Adem.
Wat d’Latifa ugeet: Si hofft, déi nächst Jore weider am Chauffersëtz ze bleiwen a weider Ecker vum Land kennenzeléieren.