Geet e wäit genuch?Reaktiounen op den nationalen Alkoholplang

Monica Camposeo
Virun 3 Woche gouf vum, zu deem Zäitpunkt, nach Gesondheetsminister Etienne Schneider den nationalen Alkohol-Aktiounsplang presentéiert.
Reaktiounen op den nationalen Alkoholplang
Virun 3 Woche gouf vum, zu deem Zäitpunkt, nach Gesondheetsminister Etienne Schneider den nationalen Alkohol-Aktiounsplang presentéiert.

Dëse gesäit vir, datt Jugendlecher ënner 18 Joer an Zukunft kee staarken Alkohol méi dierfe kafen, bis ewell louch d'Altersgrenz bei 16 Joer. Eng Hausse vun den Accisen oder eng Baisse vum toleréierte Promillewäert hannert dem Steier soll et awer net ginn. Geet dee Plang dann iwwerhaapt wäit genuch? Ëmmerhin sinn zu Lëtzebuerg 9% vun den Doudesfäll op iwwerdriwwenen Alkoholkonsum zeréckzeféieren. D‘Moyenne an der EU läit bei 6%.

An der Restauratioun mécht d'alkoholescht Gedrécks e wichtegen Deel vum Ëmsaz aus. De Secteur géing sech elo awer un déi nei Mesuren upassen. Déi Plazen, déi Mineuren acceptéieren, musse wëssen, dass se och eng gewëssen Responsabilitéit hunn. Fir de Secteur wier et awer wichteg, dass den toleréierte Promill-Wäert hannert dem Steier net erofgesat ginn ass.

François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca:

„Ech mengen, datt ass fir mech evident, wann do eng Ännerung géing kommen, dat géing de Secteur ganz staark treffen, zemools do, wou et keng aner Méiglechkeete gëtt, fir heemzekommen, fir sech kënnen ze deplacéieren. Well mir wëssen all, dass dat zu Lëtzebuerg, wann ee sech net mat sengem eegenen Auto deplacéiert an deemno wéini een heemfiert, ganz schwéier. An ech mengen, dass dat am Fong ganz wichteg ass, dass d’Regierung hei den Taux d’alcoolémie op 0,5% léisst."

 
Et wier gutt, dass de nationalen Alkoholplang Richtlinne géing virgesinn, déi sech och op d‘Preventioun fokusséieren.
Méi Sensibiliséierung begréisst och den Zentrum fir d’Preventioun vum Suchtverhalen:

Roland Carius, Direkter Centre de Prévention des Toxicomanies:

„Eis ass och ëmmer ganz wichteg, et ass keen Jugendphänomen, mä et betrëfft wierklech déi ganz Gesellschaft. A bestëmmte Beräicher sinn déi Eeler ganz wäit virun deene Jonken. Ansoufern ass et ganz wichteg, déi ganz Bevëlkerung ze kucken a wa mer aus der Preventioun kucken, ass et och wichteg unzefänken, ier e Problem opkënnt. Dat heescht, am grénge Beräich bleiwen.“

Wichteg wier och, d’Sucht esou fréi wéi méiglech z'erkennen. Dofir gesäit den Alkoholplang d'Formatioun vun de Professionellen aus dem sozio-educative Beräich fir:

„An och méi fréi intervenéieren. Dat ass e ganz wichtege Beräich, wou een och nach vill kann veränneren. Wou een och déi Leit, déi betraff sinn, nach besser erreeche kann. An d’Zil vum Plang ass et och, dat Ganzt aus dem Tabu erauszehuelen, dass een och kann doriwwer schwätzen.“

Ma och d’Commerçante gesinn den Alkoholaktiounsplang positiv.

Patrick Berg, Generaldirekter Domaines Vinsmoselle:

„Mir hunn och scho probéiert, wa mer Werbung gemaach hunn, zumindest dann am Print awer dorop hinzeweisen à consommer avec modération. An ech denken, dat ass eppes, wat selbstverständlech ass. An dass och an Zukunft dann nach méi op déi Sensibiliséierung muss opgepasst ginn. Mir hunn och schonn op de Fläschen dat Zeeche mat der schwangerer Fra. Sou Elementer hu mer schonn zanter Joren, fir op déi Problematik awer hinzeweisen.“

Den Alkohol soll e Genossmëttel bleiwen, esou de Patrick Berg weider, dee mat der néideger Sensibilisatioun an de richtege Moosse soll konsuméiert ginn.

Beispill Musel am Dusel: Wat maache géint Alkoholmëssbrauch?

Alkohol am Musel am Dusel
Op den Alkoholkonsum muss een och op de Fester preparéiert sinn.

Virun allem elo an der Fueszäit ass den Alkoholkonsum en Thema. Op Fuesbaler a Kavalkade gehéieren de Wäin a Béier fir déi meeschte Leit genee sou dozou, wéi sech ze verkleeden. Wéi gëtt hei op de richtegen Ëmgang mam Alkohol higewisen?
Op der Musel gëtt virun allem eppes gedronk: regionale Wäin. Donieft gëtt och méi staarken Alkohol verkaf, wéi zum Beispill verschidde Shotten.

Speziell Moossname géint den Alkoholmëssbrauch sinn net geholl ginn, ma et géing awer trotzdeem méi bewosst consomméiert ginn, fënnt den Andy Schanen. Hie steet beim Fuesbal och dacks hannert dem Comptoire:

Andy Schanen, President Club des Jeunes Remerschen

„Mir hunn net festgestallt, dass et eropgaangen ass mat den Alkoholexzesser. An mir hunn och ëmmer Leit sur Place, déi éischt Hëllef leeschten. Mir hunn en Éischt-Hëllef-Zelt, fir wann eppes sollt sinn. Mä dat ass säit Jore konstant. An eis ass och opgefall, dass d’Leit manner pöbelen an dat mécht dann och méi Freed, hannert dem Comptoire ze stoen.“

Fir d'Altersvirschrëften anzehalen, ginn dann och Kontrollen gemaach:

Andy Schanen

D’Kontrolle maachen mer an der Entrée, dat heescht ënner 16 Joer kënnt keen an d’Hal. Dat ass bei engem Fuesbal net ëmmer ganz einfach, well d’Leit natierlech verkleet sinn. Mä et kritt een awer relativ schnell eng Impressioun, unhand vun der Stëmm oder vun der Statur a wa mir den Uschäin hunn, dass een ze jonk ass, da froe mer natierlech och um Comptoire nach eng Kéier d’Carte d’Identité.

Och op de Kavalkade gehéiert den Alkohol fir vill Leit zum Feieren dobäi. Op der Dikrecher Kavalkade dierfen d’Veräiner schonn zanter e puer Jore kee staarken Alkohol méi vun hirem Won aus verdeelen. Wie sech net drun hält, ka fir bis zu 5 Joer vun der Dikrecher Kavalkade ausgeschloss ginn. Dat soten eis d’Organisateuren op Nofro.

Back to Top
CIM LOGO