
Een alkoholiséierte Mann, deen op Besuch war, huet d'Wunneng direkt verlooss wéi d'Autoritéiten agetraff sinn. Virum Gebai ass hien dunn ëmmer méi aggressiv géigeniwwer de Beamte ginn. Wéi hien a Passagearrest komme sollt, huet de Mann sech gewiert an dobäi ee vun de Poliziste blesséiert.
Wärend dem Asaz huet de Mann ëmmer rëm Mordmenacen ausgeschwat. Schlussendlech huet hien d'Nuecht bei der Police misse verbréngen. Donieft gouf eng Plainte wéinst Rebellioun géint Autoritéite gemaach.
Bei der Iwwerpréiwung vun der Persoun koum eraus, datt ee Verstouss géint d'Immigratiounsgesetz virläit. D'Friemepolice an deen zoustännege Service vum Ausseministère goufen informéiert. De Mann gouf dorop higewisen, datt en d'Land muss verloossen.