
Géint 5 Auer moies gouf der Police eng Kläpperei zu Féiz op engem Parking virun engem Lokal gemellt, an déi ronn 20 Leit dra verwéckelt waren. Eng Persoun hat eng Schosswaff dobäi, 2 Beamte vun der Police goufe verwonnt.
Informatioune si fir d'Police ënnert der Nummer 244 40 1000.
Op der Plaz huet d'Sécherheetspersonal d'Beamten doriwwer informéiert, dass eng Persoun eng Schosswaff derbäi hätt. Wéi d'Police d'Waff beim Mann gesinn hat, hu si hien opgefuerdert, se falen ze loossen a konnten hie just mat grousser Méi festhuelen.
En anere Mann hat versicht, engem Polizist mat enger Fläsch op de Kapp ze schloen, wat him net gelongen ass. Allerdéngs krut de Beamten eng Fauscht an d'Gesiicht. D'Police huet misse Pefferspray asetzen. D'Situatioun hat sech awer eréischt berouegt, wéi bis Verstäerkung op der Plaz war. Och en zweete Polizist gouf blesséiert.
D'Waff (e Revolver vum Kaliber 32) an d'Fläsch, mat där de Polizist sollt verwonnt ginn, goufe saiséiert. Op Uerder vum Parquet goufen 2 Persoune festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.