
Persounen, déi déi uewe genannte Produite consomméiert hunn a bei deenen Unzeeche vu Middegkeet, Féiwer mat oder ouni Kappwéi an/oder Péng optrieden, gëtt recommandéiert, hiren Dokter ze kontaktéieren an hire Konsum ze mellen. D'Inkubatiounszäit bedréit am Duerchschnëtt zwou bis véier Wochen. Kéis, dee méi laang wéi 60 Deeg geräift ass oder am Uewe gebak gouf, stellt kee Risiko duer.
D'Produite goufen am Auchan an am Cora verkaf. Et kann een awer net ausschléissen, datt de Reblochon de Savoie och op anere Plaze verkaf gouf.
Weider Informatioune fannt Dir hei am Communiqué.