
Nom Conseil National des Finances Publiques e Méindeg kruten d'Deputéiert an der Finanz- a Budgetskommissioun en Dënschdeg de Moien de Rapport vun der Cour des Comptes iwwert de Staatsbudget 2019 presentéiert.
D'Cour weist sech op eenzele Punkte kritesch respektiv reservéiert optimistesch: Esou gëtt am Rapport drop verwisen, datt den ekonomesche Wuesstem, deem sech d'Regierung verschriwwen hätt, och e Revers vun der Medail hätt, nämlech eng stänneg Hausse vun de Staats-Depensen, an dat op héijem Niveau. D'Budgets-Programmatioun bis 2022 beschreift d'Cour dann och als "optimistesch", wëll och misst mat engem méi luese weltwäitem Wuesstem gerechent ginn.
E weidere B-Mol notéiert de Rechnungshaff, wat d'Projete vum Space-Mining uginn - vermësst gëtt, datt net reegelméisseg Bilan gezu gëtt, ob déi Suen, déi an d'Weltraumtechnologien investéiert goufen, och hiert bruecht hätten. Duerfir freet d'Cour datt Performance-Indicateuren agefouert ginn, mat deenen d'Resultater vum Invest am "new space" kéinte fiabel gemooss ginn, sou datt de Wirtschaftsministère den Deputéierte kéint Rapport heiriwwer maachen.
An apropos Rapport maachen: Och wat d'staatlech Investissementer a grouss Bauprojete vun iwwer 10 Milliounen uginn, misst ëmgeduecht ginn. Et sollt nämlech net nëmmen e Bilan iwwert déi direkt bezuelte Schantercher ginn, mä och iwwert déi, déi vum Staat subventionéiert ginn.