Escherichia-coli-BakterienRéckruffaktioun fir "Tomme Savoie Fermière IGP 29,1% MG" vun der Mark "Conus"

RTL Lëtzebuerg
De Kéis, deen tëscht dem 20. Oktober an 29. November verkaf gouf, soll net consomméiert ginn, wéinst méiglecher Presenz vun Escherichia-coli-Bakterien.

Dat mellt d’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire an engem Pressecommuniqué. Et wier gewosst, dass en am Match verkaf gouf. Ob en och an anere Butteker verdriwwe gouf, ass net mat Sécherheet beluecht.
Déi coli-Bakterie kënnen zu enger Infektioun mat Mo-Daarm-Problemer, mat eventuell Féiwer féieren. Bei klenge Kanner si schwéier Nierekomplikatioune méiglech.

Back to Top
CIM LOGO