Kläranlagen zu LëtzebuergRéckstänn vum Virus bleiwen héich, liichten Trend no ënnen

RTL Lëtzebuerg
An der Allerhellegevakanz sinn nach ëmmer vill Réckstänn vum Coronavirus an de Kläranlage fonnt ginn, wat op eng héich Prevalenz am Ofwaasser hindeit.

Dat geet aus dem leschte Bilan vun der Coronastep-Etüd vum LIST ervir, déi e Méindeg den Owend publizéiert gouf. Et géif een e ganz liichten Trend no ënne gesinn, dee sech an den nächsten Deeg a Wochen awer nach confirméiere misst.  D'lescht Woch goufen 3 mol Analyse vum Waasser an de Lëtzebuerger Kläranlage gemaach. De Virdeel vun deenen Analyse wier, datt ee sech ganz séier e Bild kéint maachen, seet den Henry-Michel Cauchie, deen d'Coronastep-Ekipp vum List leet:

"On a une information qui est optenue de manière très très rapide, puisque l'échantillonage se fait sur 24 heures. Par contre, c'est une information qui est aveugle, ça concerne toute la population, on ne connait pas les différences entre la contamination des hommes, des femmes, ou des personnes agées par rapport aux adolescants. Un des avantages aussi, c'est qu'on ne teste pas que les personnes qui sont malades. On a aussi des personnes qui sont asymptomatiques dans la population. Donc c'est une image véritablement rapide, globale et qui donne des tendances. Quand ça augmente, on sait qu'il y a plus de virus qui circule. Quand ça diminue, il y a moins de virus qui circule dans la population."

Extrait Henry-Michel Cauchie

Méi präzis ass d'Presenz vum Virus zu Beggen, Schëffleng, Péiteng, Miersch, Bleesbréck an Ëlwen zeréckgaangen, zu Wolz an zu Beetebuerg ass se allerdéngs e bësse geklommen. Zu Iechternach, Gréiwemaacher an Uewersyren goufen ugangs der Woch méi Trace fonnt wéi déi Woch virdrun, e Freideg ware se awer och hei zeréckgaangen. Zu Hesper a Béiwen op der Atert wier et méi schwéier, e kloren Trend z'erkennen, well nëmme méindes Prouwe geholl goufen.

RTL-News: Paulette Lenert: Kritesch an decisiv Woch, Mesurë weisen éischt Wierkungen
RTL-News: Allgemeng manner Réckstänn vum Coronavirus a Lëtzebuerger Kläranlagen

PDF: CORONASTEP Report 21

Back to Top
CIM LOGO