
Dat hat de Finanzminister Gilles Roth a senger Budgetsried am Mäerz, entspriechend dem CSV-DP-Koalitiounsaccord, ugekënnegt. D’Oppositiounsparteie gesinn dat e bësse kritesch, och wann d’Staatsfinanze sech an den éischte 6 Méint vum Joer positiv entwéckelt hunn.
D’CSV an d’DP wëllen d’Betribssteier souwisou erofsetzen, onofhängeg dovunner, ewéi d’Staatsfinanze sech entwéckelen. D’Reduktioun vum Taux ëm ee Punkt géing och just 38 Milliounen Euro manner Recetten d’Joer bedeiten. Dem Finanzminister Gilles Roth no géing dat souguer am Géigendeel méi Suen erabréngen: “well et ass net einfach déi Equatioun, datt, wann ech d’Steieren erofsetzen, der manner erakommen”.
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, dee gleeft net, datt den “trickle-down” oder “dat, wat néierens soss geet, hei soll goen”. Hien huet och rappelléiert, datt méi Croissance och “Externalitéiten” huet an eppes kascht. D’gréng Deputéiert Sam Tanson sot och, et misst ee méi virsiichteg sinn, wéinst de Krisen an net op Recettë verzichten.
D’Piraten, déi sinn der Meenung, datt Lëtzebuerg soll kompetitiv sinn, esou den Deputéierte Sven Clement. Mee et misst een a sengen Aen emol dofir suergen, datt all d’Betriber den Taux bezuelen, dee virgesinn ass. Kleng Betriber géingen de vollen Taux bezuelen, iwwerdeems hätte grouss Betriber “genuch Geld, fir sech Optimiséierungen ze leeschten”. Et misst een dat, wat “real” bezuelt gëtt, méi no un dat bréngen, wat am Gesetz steet.
Aktuell läit den Taux vun der Kierperschaftssteier fir Betriber mat engem Revenu imposable ënner 175.000 Euro bei 15%. Iwwer 200.000 Euro sinn et 17%. Dobäi kënnt nach d’kommunal Gewerbesteier, déi jee no Gemeng variéiert. An der Stad läit se zum Beispill bei 6,32%. Zu Esch bei 7,62%. An zu Ëlwen zum Beispill bei 8,25%. Ënnert dem Stréch bezuele Betriber zanter 2019 ronn 25% Steieren. Bis 2001 waren et nach 37,5%.