Background am Gespréich (11. Abrëll) - Eric Thill"Et ass negativ iwwert de CNA geschwat ginn, dat huele mer eescht a mir schaffen dodrun"

Marc Hoscheid
E Samschdeg war de Kulturminister Eric Thill eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
"Et ass negativ iwwert de CNA geschwat ginn, dat huele mer eescht a mir schaffen
E Samschdeg war de Kulturminister Eric Thill eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Background am Gespréich vum 11. Abrëll mam Kulturminister Eric Thill

D'Lëtzebuerger Sprooch, d'Problemer beim CNA an den Denkmalschutz - den DP-Kulturminister Eric Thill war dëse Samschdeg Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich, fir iwwert dës an aner Themen ze schwätzen.

De Benevolat wier e wichtege Pilier vun der Kulturzeen an hie géing do och nach Mesurë presentéieren, fir dësen iwwert déi rezent lancéiert Agence du bénévolat ze stäerken. Hien hätt och de Feedback iwwer d'Onzefriddenheet mam neien ASBL-Gesetz an der Regierung weider ginn.

"Also dat ASBL-Gesetz, dat huet jo säi Sënn a säin Zweck. An do, dat ass jo net einfach esou gemaach ginn. Ech hunn awer zur Kenntnis geholl, an dat hunn och aner Kolleegen aus der Regierung scho gesot, dass een do um Terrain de Feedback kritt, dass d'Ëmsetzung um Terrain fir verschidde Leit, zemools fir déi kleng ASBLen, déi kleng Veräiner, net ganz einfach ass. Dat ass och an der Kultur, sou an der Kulturlandschaft hunn ech dat och matkritt. Mir hunn dat och an der Regierung schonn eng Kéier undiskutéiert. A souwäit ech elo do informéiert sinn, ass dat och bei der Ministesch Margue ukomm an do gëtt gekuckt, wat do an déi Richtung méiglech ass."

D'nächst Woch gëtt den nationale Plang fir den Accès zu der Kultur am Regierungsrot virgestallt. Et hätt een am Austausch mam Secteur am Ganzen 100 Mesuren ausgeschafft, esou den Eric Thill, fir d'Kultur méi accessibel ze maachen

Problemer beim CNA

De CNA wier an engem Moderniséierungsprozess, deen net einfach wier, dat sot den DP-Kulturminister Eric Thill no de rezente Problemer beim nationalen audiovisuellen Zenter. Do goung et ënnert anerem ëm Reprochë vu Mobbing a schlechtem Management. De CNA hätt Defien um strukturellen, organisatoreschen, infrastrukturellen a budgetären Niveau. Et hätt Restrukturatioune ginn an Departementer wieren zesummegeluecht ginn. Do wier et "normal", dass Leit hier Responsabilitéit verléiere géingen an net zefridden doriwwer wieren. Den Eric Thill huet widderholl, datt et zwou Demandes de protection vu Mataarbechter ginn hätt. Dat wieren der zwou ze vill an dowéinst hätt hien och e Comité d'accompagnement agesat. Méi Fäll wieren him net bekannt, esou den Eric Thill.

"Wann do Leit sinn, déi sech ongerecht behandelt spieren, wann do Problemer sinn, jo, da muss een do eng gewësse Procédure entaméieren, sou. Dann ass dat engem säi Gefill. An dann hu mer awer Krittären iwwert ee Gesetz definéiert, wéini ee vu Mobbing ka schwätzen a wéini net. Dat wëll ech hei awer nach eng Kéier ganz kloer soen. Wann do awer elo Leit onzefridde sinn, se mengen, se wieren ongerecht behandelt ginn, an dat wier net alles riicht gelaf, dann ass - an da kommt ech nach eng Kéier, elo nach eng Kéier - de Moment, fir mat deem Comité d'accompagnement déi Gespréicher ze féieren."

Den Direkter vum CNA Gilles Zeimet, géint dee sech d'Reprochë riichten, huet den Eric Thill als "ganz engagéiert" beschriwwen, hien hätt eng grouss Kompetenz an deem wat e mécht.

Denkmalschutz

Am Denkmalschutz wieren dëst Joer schonn e puer honnert Gebaier iwwer de wëssenschaftlechen Inventaire geschützt ginn - e wichtegt Instrument, esou de Kulturminister.

"Mir hunn aktuell aacht Gemengen ofgeschloss, wou sou en Inventaire scientifique gemaach ginn ass. Et si fënnef Gemengen amgaangen a mir wäerten dëst Joer och nach mat 3nachneie Gemengen och ufänken."

Et géing och nach viru kommen, datt am leschte Moment e Baustopp kënnt fir e Gebai ze schützen. Dat léich dorunner, datt een eréischt zanter 2022 d'Gesetz hätt mat konkrete Krittäre fir Gebaier national ze schützen. Et wier awer net glécklech, wann e Projet, un deem esou laang geschafft gouf, am leschte Moment misst gestoppt ginn, esou den Eric Thill. "Dat kann ee maachen, mee dat ass den Extreemstfall. Et gi Beispiller, an déi sinn awer op enger Hand opgezielt."

Lëtzebuerger Sprooch

Et wier eng Petitioun, déi zum Deel oppen Diere bei him géing arennen - dat seet den DP-Kulturminister Eric Thill zu der Petitioun 4004, déi e Verstäerke vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch, déi een obligatoresch léiere muss, fuerdert. Eng 7.000 Leit hunn d'Petitioun mëttlerweil ënnerschriwwen. Hie géing et super a ganz interessant fannen, dass esou vill Leit sech fir d'Sprooch interesséieren.

"Mir hunn net méi spéit wéi virun der Ouschtervakanz e Projet lancéiert, dat nennt sech 'Moving Languages' iwwert den Educatiounsministère an den INLL, wou et drëms geet, intensiv an aacht Wochen d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren, schwätzen an och nozelauschteren. Ech war mer dat virun der Ouschtervakanz bei d'Croix-Rouge op Bartreng ukucken, wou esou ee Pilotprojet an déi Richtung lancéiert ginn ass, wou an deem Sënn d'Fleegepersonal, d'Gesondheetspersonal an aacht Wochen a klengen Atelieren um Terrain wierklech de Vocabulaire, d'Lëtzebuerger Sprooch léiert."

De Resumé vum Background mam Kulturminister Eric Thill / Fanny Kinsch

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

Back to Top
CIM LOGO