No engem Joer Vakanz Doheem, fänke vill Leit un d’Flemm ze kréien. Do trëfft et sech gutt, dass Situatioun, wat de Coronavirus ugeet, sech an Europa lues a lues berouegt. Deementspriechent goufen an de leschten Wochen an Deeg d’Restriktiounen an e puer Länner méi labber, esou och an eisen Nopeschlänner a ronderëm. Wou een ënnert wei engen Konditiounen Vakanz maache kann, seet Iech d’Céline Spithoven.
A Frankräich hunn de leschten Mëttwoch fir d’éischte Kéier zanter méi wéi 6 Méint Caféen a Restauranten hir Terrassen opgemaach. Och Akafszentren, Muséeën, Kinoen an Theateren dierfen erëm Visiteuren empfänken. Wee sech dann elo fir eng Vakanz a Frankräich entscheet, muss awer um 21 Auer dobanne sinn. Vun deem Ament un huet een ouni gudde Grond näischt méi op der Strooss verluer.
Wärend Kultur- a Fräizäitaktivitéiten an der Belsch gréisstendeels méiglech sinn, bleiwen déi an Holland weider zou. A béide Länner kann een Iessen a Gedrénks awer op der Terrasse genéissen.
An Däitschland ass dat e bësse méi komplizéiert. Hei hu vill Bundeslänner verschidde Reegelen. Wärend an deenen enge Restaurante bannen a baussen rëm ka giess ginn, zerwéieren déi aner nëmmen op der Terrasse oder dierfen hir Diere guer net opmaachen. Fir ganz Däitschland gëlt awer: Soubal den Inzidenzwäert iwwert 100 klëmmt, muss alles erëm zoumaachen. D’Leit, déi e bëssen Adrenalin sichen, kënnen dann z.B. an den Europapark fueren. Do rullen d’Achterbunnen rëm zanter e Freideg.
Eriwwer an Éisträich. Hei huet d’Gastronomie den 19. Mee erëm komplett opgemaach. Et muss een awer en negative Corona-Test hunn oder schonn geimpft sinn. Eng FFP2-Mask ass weiderhin a ganz Éisträich Flicht, dat souwuel bannen, wéi och baussen, wann een déi 2 Meter Distanz net garantéiere kann.
Ënnert wéi enge Konditiounen een an dës Länner reese kann, ass ënnerschiddlech. An Holland brauch een en negative PCR-Test an et muss een 10 Deeg a Quarantän. Déi selwecht Reegele gëllen och fir an d’Belsch, hei awer nëmme wann ee méi laang wei 48 Stonnen Openthalt geplangt huet. Wëll een a Frankräich reesen, brauch een en negative PCR-Test, a Quarantän muss een awer net. Dëst gëlt och fir Éisträich an Däitschland, do kann een dann amplaz vum PCR-Test och en negativen Antigen-Test virweisen.
Ass een schonn vollstänneg geimpft, ass den negativen Test an Däitschland sou wei an Éisträich net méi gefrot.
En Arees-Formulaire muss een an all dëse Länner am Virfeld ausfëllen, mat Ausnam vun Holland. Do brauch een dat net.