Justizministesch"Reform vum penale System ass e permanente Prozess"

Claudia Kollwelter
"Et geet net ëm eng fundamental Ännerung vum Strofprozess, mä éischter ëm punktuell Adaptatiounen."
© AFP Archivbild

Dat seet d'Sam Tanson iwwert d'Reform vun der penaler Prozedur, ëm déi et och dës Woch an der Justizkommissioun vun der Chamber goung. D'Deputéiert hunn eng Partie Propose gemaach, wat déi Adaptatiounen uginn. D'CSV zum Beispill fuerdert, datt eng Partie vun de Grondprinzippien vum Strofrecht an de Code de procédure pénale ageschriwwe ginn.

Dozou gehéiert zum Beispill d'Proportionalitéit vu Strofen, seet den CSV-Deputéierte Gilles Roth aN nennt d'Beispill vun engem Projet de loi am Beräich vum Naturschutzgesetz:

"Mir sinn der Meenung, datt et net ka sinn, datt wann e Bauer ze wäit plout an en Deel vun enger Heck mat ewech hëlt, datt dee ka bis zu 3 Joer Prisong kréien, an op där aner Säit Leit, déi fahrlässeg en anere mam Auto iwwerrennen, de vläicht e Liewe laang eng Behënnerung huet, datt do eng Strof ausgeschwat gëtt vun 2 Joer, gegebenfalls nach mat Sursis. Do besteet keng Verhältnisméissegkeet."

Déi bräicht een awer och bei den Ermëttlungsmethoden. Et kéint net sinn, datt beim Beispill vum Bauer, dëse säin Handy a Computer duerchsicht ka kréien oder souguer ofgelauschtert kéint ginn. En anere Grondprinzip ass dee vum "Delai raisonable". Do fuerdert d'CSV:

"Datt wa Leit zum Beispill en Dossier hunn, wou de Parquet decidéiert, datt net weider ermëttelt gëtt, datt déi, grad wéi d'Affer, dat matgedeelt kritt, an net nach 3-4 Joer laang um Grill sëtzen."

D'Justizministesch Sam Tanson betount, datt dës generell Prinzippie souwisou mussen applizéiert ginn, well se am internationale Recht verankert sinn.

"Mee et sinn awer Prinzippien, wou ech wichteg fannen, datt ee se an eisem Code stoen huet, fir datt d'Visibilitéit dovun nach emol ënnerstrach gëtt."

D'Reform wier e permanente Prozess, huet d'Ministesch ënnerstrach. Et misst ee sech ëmmer rëm froen, wou nogebessert muss ginn:

"Wou kann een d'Rechter vun engem Beschëllegte stäerken? Wou mussen an der Praxis Modifikatioune kommen, fir datt d'Aarbecht och uerdentlech ka gemaach ginn. Well dat ass och eppes, wat een net dierf vergiessen an deem Ganzen, datt d'Police an d'Untersuchungsriichter an de Parquet hir Aarbecht a gudde Konditioune musse kënne maachen."

Nieft der CSV hätten och d'LSAP an d'DP Propose gemaach. Et géif elo gekuckt ginn, ob déi realisabel wieren an da géif d'zoustänneg Chamberkommissioun eng Textpropose presentéiert kréien, huet d'Justizministesch nach präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO