Mouvement EcologiqueReformen an de Beräicher Klimabank an Déngschtween ginn net duer

RTL Lëtzebuerg
D’Regierung wier net credibel wa se vum Klimaschutz a vu sozialer Gläichheet schwätzt. Dat seet de Mouvement Ecologique.
© RTL-Archiv

Hei bezitt ee sech op déi geplangte Reforme vum Gesetz iwwer d’Klimabank, ewéi och op de Reglement Grand-ducal iwwer d’Déngschtween. Dës Reforme ginn der Organisatioun net wäit genuch.

Konkret fuerdert de Mouvement Ecologique Nobesserunge bei deenen zwee Sujeten. Béid Projete wieren net konform mat den Ziler vun der Regierung am Beräich Klimaschutz a sozial Gerechtegkeet.

De Mouvement Ecologique / Rep. Sabrina Backes

Engersäits geet et hei ëm d’Reform vum Gesetz zu der Klimabank. Si bitt Leit mat manner finanzielle Ressourcë passend Finanzéierungsméiglechkeeten un, fir hir Wunneng klimafrëndlech ze sanéieren.

Mat der neier Reform géingen d’Leit aus engem finanziell méi schwaache Stot net méi adequat bei hire Sanéierungen ënnerstëtzt ginn. De Paul Polfer vum Mouvement Ecologique erkläert eng Neierung:

“Et soll an Zukunft, wann déi Reform hei duerchgeet, keen Null-Zëns-Kredit méi ginn, mee et gëtt eng Verallgemengerung fir den Niddregzënskredit, dat heescht, dass de normalen Taux em annerhallef Prozentpunkte géif erofgesat ginn.”

De Paul Polfer betount hei nach, dass een zwar duerch d’Inflatioun bei der Reduktioun vum Zëns am Moment also awer rëm op ee quasi Null-Zëns erauskënnt, mee dass dat awer net sou bleiwe géing.

Eng weider Schwieregkeet wier, datt de maximale Montant vun accordéierte Prête bei 100.000 Euro läit. Eng Zomm, déi awer dacks net géing duer goe fir eng ganz Sanéierung.

D’Organisatioun fuerdert hei, dass d’Energietransitioun méi gerecht oflafe soll, finanziell schwaach gestallte Stéit sollen ëmmer nach den Null-Zëns kënnen accordéiert kréien.

En anere Sujet op der Pressekonferenz waren dann d’Déngschtween. Hei wier et sou, dass d’Besserverdénger privilegéiert géinge ginn, andeems si een Déngschtwon zur Verfügung gestallt kréien. Oft ass dat dann och keen ëmweltfrëndlechen Auto. Hei géingen awer falsch finanziell Ureizer gesat ginn, sou d’ Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber:

“D’Regierung beabsicht nach bis iwwer 2025 eraus Verbrennungsmotoren an de Genoss vun dësem System kommen ze loossen. Ab 2025. Also et gi jo lo awer Wëssenschaftler déi soen, ab do solle Verbrennungsmotore verbuede ginn. An d’Regierung géing se jo nach ëmmer an de Genoss vun dëse Privileegie komme loossen. Dat ass eng absolut onkoherent Politik.”

De Mouvement Ecologique fuerdert hei konsequent Verbrennungsmotore vum Marché ze huelen an d’Elektromobilitéit ze fërderen. Och fuerderen se eng Uewergrenz fir CO2-Emissiounen.

Et wier hirer Meenung no einfach, do bei deene Reformen nozebesseren. Se géinge schonn an déi richteg Richtung goen, mee wieren awer nach net effikass genuch. Virun allem wann et em de Klimawandel geet, wier awer keng Zäit méi do, et misst elo gehandelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO