An den Dossiere Google an Join ginn et nach ëmmer Inkohärenzen, dat war op alle Fall de en Donneschdeg de Moien d'Reaktioun vun der Oppositioun no der Wirtschaftskommissioun an der Chamber. Nodeems et bei der leschter Sëtzung scho méi hefteg Diskussioune goufen, ware sech d'Deputéiert an d'Regierung och haut erëm net wierklech eens.
Et ass zum Deel einfach méi opgereegt gewiescht, well sech einfach d'Fro stellt, wéi fern et un enger parlamentarescher Kommissioun ass, fir d'gestion journalière vun enger Firma en séance publique ze diskutéieren.
Déi Aussoe vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider, wat Join ugeet, huet den CSV Deputéierte Laurent Mosar allerdéngs net wollten esou gëlle loossen an op en Neits betount, datt et hei em en Etablissement public an ëm Steiergelder geet. Den Dossier hätt eng ganz Partie Elementer, déi och strofrechtlech Konsequenze kéinten hunn, huet de Laurent Mosar betount.
Do geet notamment drëm, datt eenzel fréier Aktionäre vun där Gesellschaft iwwer Leasingsverträg eegene Gesellschaften Autoen an Haiser verlount hunn, trotzdeem e ganz uergt Element ass.
Eppes, wat d'CSV och extrem gestéiert huet, krute se vum Direkter vun der Post, dem Claude Strasser confirméiert. De Recouvrement vu créance ass bei Join iwwert eng mexikanesch Gesellschaft gelaf, betount de Laurent Mosar. D'CSV wëll deen Dossier weider ganz enk suivéieren.
Iwwert den Datenzenter vu Google dee soll op de Rouscht kommen ass och nees an der zoustänneger Chamberkommissioun riets gaangen, mat ëmmer erëm de Froen un de Minister wou den Dossier dann elo drun ass a kriteschen Iwwerleeunge wat d'Auswierkungen op d'Ëmwelt ugeet, wann den Internetgigant sech dann zu Biissen géif néierloossen.
An der Gemeng selwer leeft jo mol d'Prozedur, fir den Terrain ze reklasséieren an hei haten d'Bierger jo elo Geleeënheet hier Awänn anzebréngen.
De Marc Baum vun déi Lénk versteet net, wéi de Wirtschaftsminister op en neits soe kann, datt et kee Projet Google géing ginn.
De Staat ass zanter Joren am Gaangen, fir zu Biissen ze hëllefen, fir Terrainen zesummenzerafe fir eng Privatentreprise, wat Google ass. Et ass elo eng PAG-Prozedur opgaangen, mä gläichzäiteg ginn et keng Donnéeën, déi wierklech vun nationalem Interessi sinn, wat de Waasser- oder Stroumverbrauch ugeet. Do ginn et am Moment just Estimatiounen.
Et misst ee sech d'Fro vun der Kohärenz stellen, seet de Marc Baum. Dat och, wat d'Zil ugeet vun 100% erneierbaren Energie bis 2050. Dat wier jo am Rifkin Prozess festgehale ginn, mä de Moment géing just nach gekuckt ginn, fir Entreprisen an d'Land ze bréngen, déi enorm Stroum verbrauchen a wou guer net kloer wier, wéi dat Zil soll areecht ginn.