Unioun vu Lëtzebuerger JournalistenRegierung géing Zougang zu Informatioune verspären

Joel Detaille
Déi aktuell Kris concernéiert net nëmmen d'sanitär Dimensioun, mä huet och en Impakt op d'Kommunikatioun tëscht den Autoritéiten, der Press an dem Public.

Et ass novollzéibar, dass d'Regierung de journalistesche Contenue vill Opmierksamkeet schenkt, virun allem, fir z'evitéieren, dass duerch Fake News Panik entsteet. An engem Schreiwes vun der ALJP geet awer och vun enger inacceptabeler Tendenz vun der Regierung rieds, nämlech den Accès op Informatiounen ze verspären oder wëllen ze kontrolléieren. De "contrôl total de l'information" géing géint den demokratesche Kader goen, sou d'Unioun vun de Lëtzebuerger Journalisten.

Et géifen an engem Etat de crise natierlech Limitte ginn, déi ee misst respektéieren, ma d'Regierung géif déi Limitten awer iwwertrieden.

Journaliste wieren net just d'Iwwerbrénger vu Communiquéë vun der Regierung, mä missten am Respekt vum Deontologie-Code och selwer recherchéiere kënnen, wat den Ament awer eben dacks net méiglech wier oder blockéiert géif ginn.

Back to Top
CIM LOGO